Chablis (Wäin)

Vu Wikipedia

De Chablis ass e wäisse Wäin an ee vun de bekanntste franséische Wäiner, besonnesch baussent Frankräich.

De Chablis kënnt aus dem Norde vun der Bourgogne aus der Géigend vun der klenger Stad Chablis an aus 19 anere Gemengen am Departement Yonne. Wéi all grouss wäiss Burgunder gëtt de Chablis vu Chardonnaysdrauwe gemaach. E wiisst do op leemege Biedem an op Kallekbiedem aus dem Kimmeridgium. D'Wéngerte vum Chablis bilden eng Spëtzt un den Ausleefer vum Paräisser Baseng, an de Buedem ass staark mat de fossiliséierte Schuele vun der klenger Auster Exogyra virgula duerchsat, deen doduerch, trotz dem héije Leemgehalt, gutt drainéiert ass.

Am Chablis ass de Klima kontinental dominéiert, d'Wänter sinn haart, an d'Summere ganz waarm. Grouss Variatioune vun de Sonnendeeg a vun de Reenperiode bréngen et mat sech datt Quantitéit an d'Qualitéit jee no Joer ganz verschidde ka sinn. Besonnesch gefaart si Spéitfräscht déi grousse Schued un de jonke Schëtz maache kënnen.

De Chablis huet véier Apellatiounen: Grand cru, Premier cru, Chablis a Petit Chablis. De Grand cru ass a siwe sougenannt climats agedeelt. Et ass geroden e Premier cru 5 Joer al ginn ze loossen, a Grand crusen tëscht siwen an zéng Joer.

Et ass dacks schwéier d'Crusen auserneenzehalen. Et gëtt vill Ënnerscheeder déi haaptsächlech aus der Behandlung vun der Rief, aus der Fassong wéi de Wäi verschafft gëtt, souwéi vum Standuert hierkommen.

Déi siwe Grand cruse sinn op ronn 100 Hektar verdeelt.

  • Blanchots: De Blanchots-Wéngert huet 11,5 ha, an et ass de Wéngert mat de liichtste Wäiner. De Wäi gëtt och éischter an der Fläsch zeideg wéi déi aner. Den Numm Blanchots kënnt vum Buedem hier, deen do wéinst engem groussen Undeel vu Kräid, zimmlech wäiss ass.
  • Les Clos ass mat 26 ha de gréisste Wéngert. Dëse Grand cru ass generell als de beschte Lagerwäin unerkannt.
  • Valmur ass en 13 ha grousse Wéngert. D'Wäiner gläichen deene vum Vaudésir, a sinn net sou staark, an hale sech och net sou gutt wéi de Les Clos.
  • Grenouilles ass en 9,5 Hektar grousse Wéngert, deen um Uwänner vun der Baach Serein läit, an där et vill Fräsche gëtt. Dohier den Numm.
  • Vaudésir huet siechzéng Hektar. Den Haaptproduzent ass Long-Depaquit deen e renge rassege Wäi mécht.
  • Preuses ass e Wéngert vun eelef Hektar. En deelt sech déi sougenannt Moutonne mam Vaudésir. D'Wäiner si méi elegant wéi déi vum Les Clos.
  • Bougros ass e Wéngert vu siechzéng Hektar. D'Wäiner gläichen de Blanchots sinn awer méi rustique.