Chanzé

Vu Wikipedia
Chanzé
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Rhône
Arrondissement Villefranche-sur-Saône
Kanton Tarare
Gemeng Dareizé
Postcode 69490
Koordinaten 45° 54’ 10.69’’ N
      04° 30’ 58.50’’ O

Chanzé ass en Écart ganz am Oste vun der franséischer Gemeng Dareizé am Departement Rhône. Chanzé stéisst un den Dall vum Soanan, an zwar op där Plaz wou de Ruisseau de Chanzé draleeft. D'Bezeechnung fir déi Plaz geet op "champ pelé" (geschielt Feld) zeréck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Chanzé gëtt fir d'éischt am 13. Joerhonnert an der Dokumentesammlung vun der Abtei Saint-Martin vu Savigny ernimmt: De Geoffroy an de Josserand de Chanzé erkennen am Abrëll 1265 un datt se e Léine vu Savigny an der Par vun Dareizé besëtzen. Dës éischt Famill déi sech nom Domaine benannt huet (op Laténgesch Chanziaco) ass ganz fréi verschwonnen. Mee den Numm de Chanzé ass och duerno nach vun de Proprietäre vum Land gebraucht gi fir sech vun den anere Membere vun hire jeeweilege Familljen z'ënnerscheeden, absënns am 14. a 15. Joerhonnert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwee Schlässer zu Chanzé, an zwar dat aalt Schlass aus dem 11./12. Joerhonnert an dat relativ jonkt Schlass vu Montelu aus dem 19. Joerhonnert.