Dareizé
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Villefranche-sur-Saône | ||||
| Kanton | Tarare | ||||
| Postcode | 69490 | ||||
| Gemengecode | 69073 | ||||
| Koordinaten | 45° 54’ 13’’ N 04° 29’ 30’’ O | ||||
| Fläch | 6.710 ha | ||||
| Bevëlkerung | 445 (2012) | ||||
Dareizé ass eng franséisch Gemeng am Departement Rhône an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. D'Uertschaft gruppéiert sech haaptsächlech ëm seng kleng Kierch a läit tëscht Beaujolaiswéngerten, déi villen Awunner hiert Akommes ginn.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Dareizé läit Fouss vun de Bierger vun Tarare, eng 40 km nordwestlech vu Lyon. Um Territoire vun der Gemeng hunn e puer kleng Baachen, alleguer Nieweflëss vum Soanan, hir Quellen. Déi wichtegst dovu sinn de Ruisseau de Chanzé an de Ruisseau des Gouttes.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft gouf fir d'éischt 1030 ënnert der Bezeechnung Darasiacus an enger Dokumentesammlung vun der Abtei Saint-Martin vu Savigny ernimmt.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Um Territoire vun der Gemeng gëtt et dräi Schlässer: de grousse Schlasshaff zu Daréizé selwer an zwee zu Chanzé an zwar dat vu Montelu an dat aalt Schlass eng ronn 500 Meter ëstlech dervun.
2014 krut d'Gemeng e Gielchen als "ville fleurie" (mat enger "Blumm").
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dareizé – Biller, Videoen oder Audiodateien |
