Charles Heirendt

Vu Wikipedia
Charles Heirendt
Gebuer 8. Oktober 1911
Rëmeleng
Gestuerwen 20. Mee 1995
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Liichtathleet

De Charles Heirendt, gebuer den 8. Oktober 1911 zu Rëmeleng a gestuerwen den 20. Mee 1995 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergesche Laangstreckeleefer.

Den 28. Oktober 1947 huet hien, bis elo als eenzege Lëtzebuerger, de Marathon vu Košice an der Zäit vun 2:36:06 Stonne gewonnen.