Charles Joseph Minard

Vu Wikipedia
Charles Joseph Minard
Gebuer 27. Mäerz 1781
Dijon
Gestuerwen 24. Oktober 1870
Bordeaux
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Bauingenieur, Ingenieur, Kartograph, Universitéitsprofesser

De Charles Joseph Minard, gebuer de 27. Mäerz 1781 zu Dijon a gestuerwen de 24. Oktober 1870 zu Bordeaux, war e franséische Bauingenieur, deen essenziell zu der Entwécklung vun der Informatiounsgrafik bäigedroen huet.

De Minard huet vu 1796 un op der École polytechnique an dono op der École nationale des ponts et chaussées studéiert. HIen huet dono eng Zäitchen als Bauingenieur bei Damm-, Kanal- a Bréckeprojeten a ganz Europa geschafft, ier en 1830 als Direkter vun der École Nationale des Ponts et Chaussées ernannt gouf. 1836 huet hien dës Fonctioun opginn a gouf Inspekter beim Corps des Ponts et Chaussées. 1851 goung en a Pensioun.

Infografik[änneren | Quelltext änneren]

Dem Minard seng Grafik iwwer dem Napoleon seng Russlandcampagne

De Minard war ee Pionéier vun der grafescher Informatiounsvermëttlung (Infographie oder Infografik) am Ingenieurswiesen an an der Statistik.

Seng Carte figurative des pertes successives en hommes de l'Armée Française dans la campagne de Russie 1812–1813 ass déi bekanntst Infografik, déi e gemaach huet. Si koum 1869 eraus a weist e Sankey-Diagramm iwwer dem Napoleon Bonaparte seng Russlandcampagne vun 1812/1813. Op hir ginn an enger zweedimensionaler Representatioun eng ganz Rëtsch vu Variabelen duergestallt:

  • d'Positioun an d'Marschrichtung vun der Arméi: Truppendeeler, déi sech ofsplécken an nees derbäikommen;
  • d'Stäerkt vun den Truppen, déi dramatesch ofhëlt, z. B. bei der Schluecht bei der Beresina um Réckzuch duerch en äiskale Floss;
  • déi aussergewéinlech niddereg Temperaturen (si sinn an der Réaumur-Skala, woubäi z. B. −30 °Réaumur = −37,5 °Celsius)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Joseph Minard – Biller, Videoen oder Audiodateien