Charles de Gaulle (R91)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fligerdréier Charles de Gaulle (R91). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Charles de Gaulle (Homonymie). |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Daten | |
|---|---|
| Bauwerft | DCN, Brest |
| Stroumproduktioun | 2 nuklear Drockwasserreakteren K15 |
| Längt | 261,5 m |
| Breet (Flugdeck) | 64 m |
| Breet (Romp) | 31,5 m |
| Déifgank | 11,9 m |
| Gewicht | 40.500 Tonnen |
| Héchstvitesse | 27 Kniet (50 km/h) |
| Katapulten | Dampkatapulten (identesch mat deene vun der Nimitz-Klass). |
| Fliger | 40 Maschinnen, ë. a.
|
| Besatzung | Matrousen: 1.150 Fluchpersonal: 600 |
| Bewaffnung | 4 SYLVER-Rakéitewerfer mat Ofwierrakéite vum Typ MBDA Aster 15 2 x Sadral-Systemer mat Loftofwierrakéiten Mistral |
| An Déngscht gestallt | Abrëll 2001 |
D'Charles de Gaulle, d'Flaggschiff vun der Franséischer Marinn, ass en nuklear ugedriwwene Fligerdréier. En ersetzt d'Fligerdréier Foch a Clemenceau an ass nom franséische Generol a Staatschef Charles de Gaulle benannt.
D'Charles de Gaulle ass dat gréisst Schëff vun der franséischer Marinn an eent vun de gréisste Krichsschëffer, dat jeemools an Europa gebaut gouf.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]D'Charles de Gaulle (NATO-Kennung R 91) ass am Verglach zu deene vun den USA agesate Fligerdréier relativ kleng. Si ass 261,5 m lang, 64,36 m breet a 75 m héich. Bei engem Tonnage vu 40.600 Tonnen huet se eng Besatzung vun zirka 1.950 Mann a kann als Truppentransporter zousätzlech 800 Zaldoten ophuelen. D'Fläch vum Fluchdeck beleeft sech op zirka 12.000 m², d'Hangaren hunn eng Fläch vun zirka 4.600 m².
D'Charles de Gaulle gëtt atomar ugedriwwen a kann ouni Beschränkungen 1.000 km am Dag zeréckleeën. D'Schëff kann theoreetesch bis zu 45 Deeg autonom operéieren.
Ekipéiert ass et an der Reegel mat 40 Fligere vun den Typpen:
- Juegdfliger: Dassault Rafale Marinn
- Juegdbomber: moderniséierte Dassault Super Étendard
- Loftraumiwwerwaachung: Grumman E-2 Hawkeye
- Helikopter vum Typ Eurocopter AS 565 Panther fir Rettungen an U-Boot-Bekämpfung.
Bei enger Asazdauer vu 7 Deeg kënne maximal 100 Flich pro Tag gemaach ginn. De minimalen Zäitofstand tëscht zwéi Starte respektiv Landungen ass 30 Sekonnen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fligerdréier Charles de Gaulle – Biller, Videoen oder Audiodateien |