Chassigny (Meteorit)

Vu Wikipedia
Schnëtt duerch de Meteorit ënner polariséiertem Liicht

De Chassigny ass deen éischten, als Marsmeteorit identifizéierte Meteorit.

Hie war den 3. Oktober 1815 an d'Uertschaft Chassigny (Département Haute-Marne) am Nordoste vu Frankräich gefall. Eréischt an den 1980er Jore gouf festgestallt, datt et sech beim Material vum Meteorit ëm e Stéck Marsgestengs handelt. Von der geschatener ursprénglecher Mass vum Meteorit vu 4 kg konnten nëmme 570 Gramm gebuergen a fir d'Wëssenschaft erhale ginn.

De Meteorit ass en Dunit, deen haaptsächlech aus Olivin mat Alagerunge vu Pyroxenen a Feldspat besteet.

Eng Ënnergrupp vun de Marsmeteoritten, d'Chassignitten, goufen no der Uertschaft Chassigny genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]