Chawresse

Vu Wikipedia

D'Chawresse ass eng kleng Baach tëscht Beaufays an Tilff an der belscher Provënz Léck.

Si huet hir Quell um Plateau vu Beaufays an der Gemeng Chaudfontaine um Lieu-dit Aux Oies op enger Héicht vun 275 Meter. Se leeft vun do aus no Nordwesten duech de Bësch vun Tilff, an duerch de Bësch Les Manants, fir dann an engem schmuelen Dall weiderzelafen an no engem Laf vu ronn 5.000 Meter op enger Héicht vu 75 Meter an d'Ourthe ze lafen.

Op der Héicht vum Poudingue de la Chawresse an dem Trou des Nutons ass den Dall zimmlech agekesselt, an d'Baach mécht e puer schéi Waasserfäll. Well déi Géigend zimmlech karsteg ass, gëtt et do eng Partie Hielen a Versickerungen, wéi de Gouffre de la Roche Perdue,  d'Grotte Véronika, d'Grotte de Brialmont, den Abime de la Chawresse deen zum System Chawresse-Véronika gehéiert, grad sou wéi den Trou des Procès, den Trou des Manants, an d'Grotte du Baron.

Net wäit vun der Plaz wou se an d'Ourthe leeft sinn d'Fielse vun Tilff mat der Entrée fir an d'Grotte Sainte-Anne.