Chester City FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vun Chester City FC
Wope vun Chester City FC

Chester City FC (Spëtznumm The Blues) ass en englesche Foussballveräin an der Stad Chester. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League Two, der véierthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Saunders Honda Stadium am Weste vun Chester.

De Veräi gouf 1885 gegrënnt. Um Enn vun der Saison 1988/89 war de Veräin op der 8. Plaz an der Third Division, der deemoleger drëtthéchster Spillklass am englesch Foussball Lige System, wat e Rekord fir de Veräin duerstellt.

Wëssenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Januar a Februar 2006 huet de Lëtzebuerger Golkipp Stéphane Gillet 10 Matcher fir Chester City gespillt.
  • D'Grenz tëscht England a Wales verleeft queesch iwwer de Foussballsterrain op deem Chester City FC hir Heemmatcher spillt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vun Chester City FC

Commons: Chester City F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien