Chesterfield FC

Vu Wikipedia
Wope vun Chesterfield FC
Wope vun Chesterfield FC

Chesterfield FC (Spëtznumm The Spireites) ass en englesche Foussballveräin zu Chesterfield am Derbyshire. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League Two, der véierthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Recreation Ground Stadion.

De Veräi gouf 1867 gegrënnt. 1899 hu si fir d'éischt an enger professioneller Liga matgespillt. 1947 ware si an der Second Division, deemools der zweethéchster Spillklass am englesche Foussball, um Enn vun der Saison op der 4. Plaz, bis ewell hir bescht Positioun. 1997 ware si an der Halleffinall vum FA Cup, bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vun Chesterfield FC