Christopher Reeve

Vu Wikipedia
Christopher Reeve
Gebuertsnumm Christopher D'Olier Reeve
Gebuer 25. September 1952
New York
Gestuerwen 10. Oktober 2004
Mount Kisco
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School,
Cornell University,
HB Studio
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Regisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur
Famill
Papp Franklin D'Olier Reeve

De Christopher D'Olier Reeve, gebuer de 25. September 1952 zu New York City a gestuerwen den 10. Oktober 2004 zu Mount Kisco, New York, war en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur an Auteur. Hien ass virun allem bekannt dofir, de Personnage vum Comicheld Superman tëscht 1978 an 1987 a véier Filmer geezpillt ze hunn. 1995 war hien, no engem Accident, wou e vun engem Päerd gefall war, querschnëttsgeleemt. Hien hat duerno awer nach déi eng oder aner Filmroll, sou z. B. an engem Remake vum Alfred Hitchcock sengem Rear Window (an deem den Haaptpersonnage an engem Rollstull sëtzt). Hien huet och eng Kéier, beim Film The Brooke Ellison Story (2004), Regie gefouert, an ass Auteur vu Bicher iwwer säi Liewen.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1978: Gray Lady Down
  • 1978: Superman
  • 1980: Somewhere in Time
  • 1980: Superman II
  • 1982: Deathtrap
  • 1982: Monsignor
  • 1983: Superman III
  • 1984: The Bostonians
  • 1985: The Aviator)
  • 1987: Superman IV - The Quest for Peace
  • 1987: Street Smart
  • 1988: Great Escape II: The Untold Story
  • 1988: Switching Channels
  • 1992: Noises Off
  • 1993: Morning Glory
  • 1993: The Remains of the Day
  • 1994: Speechless
  • 1994: Above Suspicion
  • 1995: John Carpenter's Village of the Damned
  • 1998: Rear Window

Tëleesserien a -filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974-1976: Love of Life
  • 1985: Anna Karenina
  • 1988: The Worlds Greatest Stunts Documentary
  • 1991: Death Dream)
  • 2003: Smallville (Opftrëtter als Invité)
  • 2003: Practice (Optrëtt als Invité)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christopher Reeve: Immer noch ich - Mein zweites Leben. Droemer Knaur, München 1999, ISBN 3-426-62209-2.
  • Christopher Reeve: Nothing Is Impossible - Reflections of a New Life. Random House, London, München, New York 2003, ISBN 0-09-944659-6.
  • Christopher Reeve: Gedanken über mein Leben. Bombus-Verlag, München 2004, ISBN 3-936261-30-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christopher Reeve – Biller, Videoen oder Audiodateien