Cinque Terre

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Monterosso
Vernazza
Corniglia
Riomaggiore

Déi sougenannt Cinque Terre si fënnef Küstenuertschaften, déi sech an der Provënz La Spezia (Italien) ëm en Nationalpark gruppéieren, deen de selwechten Numm huet. Direkt dobäi läit och déi vun Touriste vill besicht Hafenuertschaft Portovenere. Déi 5 Uertschaften, déi zur Cinque Terre gehéieren, sinn: Riomaggiore, Manarola, Corniglia, Vernazza an Monterosso. Am Joer 1997 si se vun der UNESCO op d'Lëscht vum Weltierwe gesat ginn.
D'Uertschafte si vu La Spezia mat enger Regionalbunn z'erreechen. Vum Mier aus (vill Croisière-Schëffer fueren no laanscht a kommentéieren d'Landschaft) hunn d'Passagéier eng wonnerbar Vue op déi ofgeschlosse Géigend mat hire Bierger.

Déi 5 Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

  • Monterosso läit ganz am Westen an ass am schwéiersten iwwer de sougenannte Bloe Pad zougänglech. D'Olivebeem, d'Wéngerten an d'Plage ronderëm droen zum gaaschtfrëndleche Charakter vu Monterosso bäi. Kuckeswäert ass de mëttelalterlechen Tuerm Aurora an déi räich Konschtschätz an der Kierch San Francesco.
  • Vernazza, e Fëscherhafe mat Traditioun, gouf schonn ëm d'Joer 1000 gegrënnt. Vill, ënner anerem d'Architektur, d'Portaler an d'Planzepied, weist drophin, datt et vun de 5 Uertschaften déi war, déi de gréisste Wuelstand erreecht hat.
  • Corniglia läit op engem Fielshank beim Mier a kuckt op en Dall mat Wéngerten erof. D'Landwirtschaft huet dëser Uertschaft hire Cachet opgedréckt. D'Bauweis ass déi vun engem mëttelalterlechen Duerf. Der Parkierch San Piedro hiren Ursprong geet op 1334 zeréck an et ass derwäert datt ee se besiche geet.
  • Manarola läit héich um Fiels um Rand vun enger Bucht, déi e protégéierten Hafen huet. Déi gothesch Parkierch aus dem Joer 1338 ass kuckeswäert.
  • Riomaggiore ass déi Uertschaft déi am wäitsten am Oste läit a wéi mat engem Baukaste gebaut ass. Obschonn Riomaggiore säin urspréngleche Charakter net verluer huet ass et haut e vill besichten Touristenzentrum.

Uertschafte ronderëm[änneren | Quelltext änneren]

  • Bonassola
  • Levanto

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cinque Terre – Biller, Videoen oder Audiodateien