Circolo culturale e ricreativo Eugenio-Curiel
| Circolo culturale e ricreativo Eugenio-Curiel | |
|---|---|
|
De Circolo Eugenio-Curiel op der fréierer Adresse an der Escher Strooss zu Hollerech (Gebai an der Mëtt vum Bild) | |
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | 21. Mee 1971 |
| Sëtz | Lëtzebuerg |
| 201, Route de Longwy | |
| RCS | F849 |
|
| |
De Circolo culturale e ricreativo Eugenio-Curiel, kuerz Circolo Curiel, ass ee politesch lénks orientéierte Veräi vun Italieener mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, deen en italieenesche Kulturzentrum ënner dem selwechten Numm bedreift. Den Circolo Curiel war uganks an der Escher Strooss zu Hollerech[1], huet dunn awer provisoresch misste plënneren, well d'Gebai 2024 ofgerappt gouf. De Verwaltungssëtz ass elo op der Lonkecher Strooss zu Märel. Et ass geplangt fir 2026 nees op déi ursprénglech Plaz zeréckzegoen.[2] De Veräi gouf 1971 als ASBL gegrënnt an huet sech 1972 Statute ginn.[3]
D'Grënner wollten eng Plaz schafen, wou emigréiert Italieener sech mat all deenen treffe konnten, deene Fortschrëtt, sozial Gerechtegkeet, Biergerschaft a Solidaritéit eppes bedeit.
De Veräi gouf nom Eugenio Curiel (1912-1945) genannt, en italieenesche Partisan a Physiker, deen de 24. Februar 1945 zu Mailand vu Membere vun der Schwaarzer Brigad erschoss gouf.
Am Kulturzentrum sinn e Restaurant (Trattoria del Circolo, zënter 1983)[4], e Konferenzsall an eng Bibliothéik. Den Circolo Curiel organiséiert reegelméisseg kulturell Aktivitéite wéi Konferenzen, Table-ronden, Filmowenter, Ausstellungen asw.
Den Donato Rotunno huet en Dokumentarfilm iwwe den Circolo, La fourchette à gauche, gedréint.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Adress: 107, route d'Esch, 1471 Lëtzebuerg.
- ↑ « Notre bâtiment sur route d'Esch sera détruit pour être reconstruit. Le restaurant et la bibliothèque resteront fermées probablement jusqu'en 2026 », gekuckt de 15.10.2025
- ↑ Mémorial C 431/1995: 20666.
- ↑ d'Lëtzebuerger Land vum 26. Abrëll 2019, S. 19
