Espace culturel Cité
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Cité)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Kulturzentrum Cité. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Cité (Homonymie). |
|
| |
|
|
De Kulturzentrum Cité, meeschtens einfach Cité genannt, ass e Kulturzenter am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg. Am Cité sinn d'Bibliothéik vun der Stad, d'Boule (e Konferenzsall) an eng Lounge mat Bar a Restaurant.
De Centre culturel Cité gouf am Gebai vum fréiere Ciné Cité (dohier den Numm vum Zenter) an der Lantergässel (rue Génistre), e puer Meter vun der Plëss d'Arem ewech, amenagéiert.
Déi offiziell Aweiung vum Zenter war de 15. Januar 2010[1].
De Cité ass um éischte Stack mat enger Passerell iwwer d'Lantergässel ewech mam Cercle municipal verbonnen. Zesumme bilden déi zwee Gebaier, nodeem de Cercle 2011 fäerdeg renovéiert gouf, de Cercle Cité.[1]
D'Gebai
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Espace culturel Cité – Biller, Videoen oder Audiodateien |
