Claude Radoux
Claude Radoux | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
27. August 1963 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Johns Hopkins University, Universitéit St. Gallen |
Aktivitéit | Diplomat, Manager, Politiker |
De Claude Radoux, gebuer de 27. August 1963 ass e lëtzebuergesche Wirtschaftsexpert, Beroder an DP-Politiker, Member vum Stater Gemengerot an Honorarkonsul vun der Ukrain zu Lëtzebuerg vun 1995[1],[2] bis 2014[3] an zënter 2015[4].
Liewen[änneren | Quelltext änneren]
Claude Radoux ass vum Quartier Belair, Stad Lëtzebuerg. Hien hutt en Ofschloss vum Secondaire classique mat Diplom Latäin an Ekonomie, Sektioun Mathematik. Am Uschloss studéiert Radoux op der HSC St Gallen, wou hien den Lic. Oec. HSG (Finanz- a Rechnungsweisen) an 1986 de Master in Management mécht. Am Juni 1990 kritt hien de Master of Arts in International Relations vum Paul Nitze School of Advanced International Studies an der Johns Hopkins University, Washington D.C.
Berufflech Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]
No Ofschloss vun senger Ausbildung fänkt de Claude Radoux seng Karriär ze London un als Analyst bei Mercer Strategic Planning Associates Inc. bis 1988. Dono wieselt hien op Basel, Schwäiz, als Task Force COO fir Sandoz Pharma bis 1993. Nodeems hien zeréck ze Lëtzebuerg ass, grënnt hie seng eege Firma CR Associates sàrl, eng Management- a Berodungsfirma fir strategesch Froen, Corporate Governance, Telekommunikatioun an E-Commerce. 1995 grënnt hie Luxembourg Online S.A., en Ubidder fir Telekommunikatioun an IT, an leed d'Entreprise bis 2010. Zënter 2015 ass Radoux als onofhängege Member aktiv am Verwaltungsrot vu verschidde privat Kredit-, Aktien- an Impakt-Fonds.
Honorarkonsul vun der Ukrain[änneren | Quelltext änneren]
Am Joer 1995 gouft de Claude Radoux Honorarkonsul vun der Ukrain zu Lëtzebuerg ernimmt. Mat enger Ënnerbriechung op seng Initiativ ass hie bis haut an dëser Funktioun. Hier vertritt d'Interête vun der Ukrain zu Lëtzebuerg an ënnerstëtzt bilateral Relatioune vun deen zwee Länner. Als Honorarkonsul hat Radoux eng Rei kulturell a wirtschaftlech Evenementer organiséiert. Hien hat sech dofir agesat fir déi kulturell Wäerter an dat wirtschaftlech Potential vun der Ukrain staark ze maachen. Hie hat och eng wichteg Roll iwwerholl fir den Handel an d'Investitioune vun deenen zwee Länner méi einfach ze maachen.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Radoux ass zënter 1993 Member vun der Demokratischen Partei (DP). Hien ass zënter 2008 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a gouf bei de Walen 2013 an 2017 erëm gewielt.
Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]
De Claude Radoux huet e Bouf. Hie schwätzt Lëtzebuergesch, Franzéisch, Englesch, Daitsch, Russesch an Italieenesch.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Mr. Claude Radoux is appointed on the post of Honorary Consul of Ukraine in Grand Duchy of Luxembourg. belgium.mfa.gov.ua. Gekuckt de(n) 2021-02-25.
- ↑ Claude Radoux | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-25.
- ↑ Luxembourg's Honorary Consul to Ukraine resigns. Wort.lu (2017-12-11). Gekuckt de(n) 2021-02-25.
- ↑ Тимчасовий повірений у справах України в Королівстві Бельгія Андрій Кузьменко підписав оновлену Угоду про виконання функцій та обов’язків почесного консула України з Почесним консулом України у Великому Герцогстві Люксембург Клодом Раду. belgium.mfa.gov.ua. Gekuckt de(n) 2021-02-26.