Codex Caesareus Upsaliensis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Evangelist Markus.
De Keeser Heinrich schenkt d'Buch dem Apostel Judas an dem Simon den Zelot.

D'Evangeliebuch vum Heinrich III., och Codex Caesareus, Codex Caesareus Upsaliensis oder Evangeliebuch vu Goslar genannt (op Schweedesch: kejsarbibeln)[1] ass eng illuminéiert Handschrëft aus der Mëtt vum 11. Joerhonnert, déi am Skriptorium vun der Abtei Iechternach gemaach gouf, an haut an der Universitéitsbibliothéik Uppsala versuergt gëtt.

Et war eng Commande vum Keeser Heinrich III., déi hien der Kathedral vu Goslar als Don ginn hat. D'Evangeliebuch blouf do bis zum Drëssegjärege Krich, war du fir eng 100 Joer verschwonnen an ass du 1740 nees am Besëtz vum schweedeschen Diplomat a Beamte Gustaf Celsing opgedaucht. De Buchdeckel, dee räich dekoréiert war, ass verschwonne bliwwen. Nom Doud vum Celsing sengem Jong, 1805, huet d'Universitéit Upsala et opkaaft.

D'Manuskript ass räich mat Miniaturmolereien dekoréiert, dorënner ganzsäiteg Illustratioune vun de véier Evangelisten, vum Keeser Heinrich, deen d'Buch de Patréiner vun der Goslarer Kathedral schenkt, vum Keeser a senger Fra Agnes vu Poitou, déi vum Jesus gekréint ginn, an illuminéiert Kanontafelen.

Et ass a Karolengescher Minuskel geschriwwen, an an engem gudden Zoustand erhalen.

Et ass eent vun de véier groussen Evangeliebicher aus dem Klouschter Iechternach, déi bis haut erhale sinn. Déi aner sinn de Codex Aureus Epternacensis, haut am Germanisches Nationalmuseum zu Nürnberg, de Codex Aureus Escorialensis, haut am El Escorial, a Spuenien an en Drëtt, dat just zum Deel erhalen ass, an haut an der Bibliothèque nationale de France zu Paräis veruergt gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Codex Caesareus Upsaliensis - Uppsala universitetsbibliotek C93 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. David H.: "[Review of Codex Caesareus Upsaliensis: An Echternach Gospel-Book of the Eleventh Century. Carl Nordenfalk." Speculum 51 Nr. 4, 4. Oct. 1976