Cointreau

Vu Wikipedia
Cointreau

De Cointreau ass eng Spirituos a gehéiert zu den Orangëlikören.

1849 gouf déi éischt Brennerei vun de Bridder Adolphe an Edouard-Jean Cointreau gegrënnt. E bësse méi spéit huet de Jong vum Edouard-Jean, den Edouard Cointreau, e klore Likör mat Arome vu batteren a séissen Orangëschuele gemaach.

De Cointreau gëtt nëmmen aus natierlechen Ingredienten hiergestallt a seng Rezeptur ass geheim. D'Orangë komme vun eegene Plantagen zu Haiti an aus Spuenien. Dobäi kënnt nach neutralen Alkohol, Zocker a Waasser.

Cointreau kann ee puer drénken oder mat Äis. En ass d'Grondlag fir vill Cocktailer, wéi z. B. de Klassiker Cosmopolitan oder d'Margarita.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]