Coldplay
Coldplay | |
---|---|
Grënnung: | 1996 |
Genre: | Britpop, Pop-Rock |
Website: | http://www.coldplay.com/ |
Memberen | |
Gesank, Gittar, Piano, Arrangement: |
Chris Martin |
Lead-Gittar: | Jonny Buckland |
Batterie: | Will Champion |
Bass: | Guy Berryman |
Coldplay ass eng englesch Britpop/Pop-Rock-Grupp, déi aus dem Chris Martin, Jonny Buckland, Will Champion a Guy Berryman besteet. Coldplay gehéiert zanter der Mëtt vun den 2000er Joren zu deene Rockgruppe mam gréisste Succès op der Welt.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
De Martin, de Berryman, de Buckland an de Champion hu sech als Studenten am University College London kennegeléiert an hunn am September 1996 d'Grupp Coldplay gegrënnt. De Martin huet antik Geschicht studéiert, de Berryman fir d'éischt Ingenieurswëssenschaften a spéider Architektur, de Buckland Mathematik an Astronomie an de Champion Anthropologie.
Den éischten Album Parachutes gouf direkt e kommerzielle Succés. Parachutes war fir de Mercury Präis (2000) nominéiert an huet 2001 e Grammy gewonnen. Den Album gouf international méi wéi 8 aachtmilliounemol verkaaft.
Den zweeten Album A Rush of Blood to the Head hat méi rockeg Elementer a war och méi intellektuell wéi den Debutalbum. E war och kommerziell méi erfollegräich a konnt d'Kritiker iwwerzeegen. Dësen Album krut zwéi Grammyen: Een an der Kategorie "Best Alternative Album" an een als "Best Song" fir In my Place. E war Nummer 1 an den däitschen a britteschen Charts. An den USA war e Nummer 5. Vun dësem Album goufen iwwer 12 Millioune verkaaft.
Mat X&Y, dem drëtte Studioalbum, konnte Coldplay un den Erfolleg vun den éischten zwéin Albumen uknëppen. Mat 8,3 Millioune war e weltwäit dee meeschtverkaaften Album 2005. Mee och d'éischt Single Speed of Sound aus dësem Album war weltwäit e groussen Hit. Coldplay konnte sech domat an den Top-Ten vun den US-amerikanesche Billboard-Charts an an den Top 20 an Däitschland placéieren an hunn den "MTV Europe Music Award" 2005 an der Kategorie Best Song fir Speed of Sound gewonnen. An dem Album X&Y ass och d'Lidd Talk ze fannen, dat vum Lidd Computer Love (Computerliebe) vu Kraftwerk inspiréiert gouf.
Den 2. Juli 2005 hu Coldplay beim Live 8-Konzert zu London gespillt. Ausser hiren eegene Lidder In My Place a Fix You hu se zesumme mam Richard Ashcroft Bitter Sweet Symphony vun The Verve gespillt.
De 26. Mäerz 2007 koum eng Best-Of-Kompilation eraus.
Fir de véierten Album Viva la Vida or Death and All His Friends war de Brian Eno Koproduzent. E koum am Juni 2008 eraus an ass dee mat deem d'Band bis ewell dee gréisste Succès hat. E war a ville Länner op Plaz 1 vun den Album-Charts an och d'Single Viva la Vida gouf Nummer 1 a Groussbritanneien an an den USA.
Bei den Emmy Awads 2009 huet Coldplay 3 Auszeechnunge kritt.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
Albumen[änneren | Quelltext änneren]
- 2000: Parachutes
- 2002: A Rush of Blood to the Head
- 2003: Live 2003 (Live-Album)
- 2005: X&Y
- 2007: The Singles 1999-2006
- 2008: Viva la Vida ODER Death and all his friends[1]
Singles[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|
Vum Album Parachutes. |
|
Vum Album A Rush of Blood to the Head. |
|
Vum Album X&Y. |
EPs[änneren | Quelltext änneren]
- 1998: The Safety EP
(Limitéiert Oplo, nëmmen a Groussbritannien ze kafen) - 1999: Brothers And Sisters
- 1999: The Blue Room EP
- 2000: Trouble – Norwegian Live EP
(Live-EP) - 2000: Acoustic
- 2000: Sparks
- 2001: Mince Spies EP
- 2003: Clocks
(och als Single)
DVDs[änneren | Quelltext änneren]
- Live 2003 (opgeholl am Sydney's Horden Pavillon)
Chartsplacéierungen[änneren | Quelltext änneren]
Singles[änneren | Quelltext änneren]
Joer | Titel | A | CH | D | F | FIN[2] | GB | I | S[2] | USA |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
2000 | Shiver | - | - | - | - | - | 35 | - | - | - |
2000 | Yellow | - | - | - | 96 | - | 4 | - | - | 48 |
2000 | Don't Panic | - | 76 | - | 60 | - | 10 | 21 | - | 48 |
2001 | Trouble | - | - | - | - | - | 10 | 42 | - | - |
2002 | In My Place | - | 37 | 65 | 60 | 19 | 2 | 5 | 46 | - |
2002 | The Scientist | - | - | 87 | - | - | 10 | 22 | - | - |
2003 | Clocks | - | 84 | 50 | 65 | - | 9 | 22 | - | 29 |
2003 | God Put A Smile Upon Your Face | - | - | - | - | - | - | 58 | - | - |
2005 | Speed Of Sound | 23 | 22 | 19 | 42 | 34 | 2 | 4 | 3 | 8 |
2005 | Fix You | 58 | 53 | 65 | - | - | 4 | 17 | - | 59 |
2005 | Talk | 24 | 28 | 29 | 34 | 18 | 10 | 24 | 56 | 86 |
2006 | The Hardest Part | 44 | - | - | - | - | 19 | - | - | |
2008 | Violet Hill | 11 | 11 | 10 | 36 | ? | 8 | 9 | 8 | 40 |
2008 | Viva la Vida | 6 | 5 | 5 | 7 | 12 | 1 | 2 | 7 | 1 |
2008 | Lost! | 65 | 53 | 73 | - | 54 | - | - | 40 |
Albumen[änneren | Quelltext änneren]
Jahr | Titel | A | CH | D | F | FIN | GB | S | USA |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
2000 | Parachutes | 41 | 38 | 54 | 31 | 29 | 1 | 20 | 51 |
2002 | A Rush Of Blood To The Head | 10 | 1 | 1 | 4 | 4 | 1 | 5 | 5 |
2003 | Live 2003 (CD/DVD) | 10 | - | 34 | 26 | – | 46 | – | 13 |
2005 | X & Y | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 |
2008 | Viva La Vida | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 |
Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]
- New Musical Express Award 2001 fir Best Single: Yellow
- New Musical Express Award 2001 fir Best Artist
- New Musical Express Award 2001 fir Session of the Year (Radio 1)
- Q Award fir Best Album "A Rush Of Blood To The Head"
- Grammy 2002 fir Best Alternative Music Album: Parachutes
- Grammy 2003 fir Bester Rocksong einer Band: In My Place
- Grammy 2003 fir Best Alternative Album: A Rush Of Blood To The Head
- Grammy 2004 fir Record of the Year: Clocks
- MTV Europe Music Awards 2005 Kategorie Best UK/Irish-Act
- MTV Europe Music Awards 2005 Kategorie Best Song fir Speed Of Sound
- Brit Awards 2005 Kategorie Best Song fir Speed Of Sound
- Brit Awards 2005 Kategorie Best Album fir X&Y
- ECHO 2006 Kategorie Gruppe International
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Martin Roach: Coldplay. Nobody Said It Was Easy. London 2003, ISBN 0-7119-9810-8.
- Alex Hannaford: Coldplay. 2006, ISBN 3-89602-714-X.
- Gary Spivack: Coldplay: Look at the Stars. 2004, ISBN 0-7434-9196-3.
- Stephen Davis: Coldplay: In Our Words. 2004, ISBN 0-316-72861-6.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Coldplay – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Official Homepage, 19.03.2008
- ↑ 2,0 2,1 finnesch Charts, 17.06.2009