Colle dell’Assietta

Vu Wikipedia
Schëld vum Col

De Colle dell'Assieta ass en 2.472 Meter héije Col an de Cotteschen Alpen an der italieenescher Provënz Turin.

Iwwer de Col féiert d'Provënzstrooss SP 173 Strada dell'Assietta déi hiren Ufank um Pian dell'Alpe huet an hiert Enn zu Sestriere. Um Col selwer huet d'Strada militare del Gran Serin, déi awer fir de Verkéier gespaart ass, Uschloss un d'SP 173.

De Col läit um Scheet vum Chisonedall a vum Susadall.

De Col ass aus der Geschicht bekannt wéinst der Schluecht um Assietta, eng vun de villen an der Zäit vum éisträicheschen Ierffollegkrich, bei där de Chevalier de Belle-Isle, den 19. Juli 1746 gefall ass.