Comics-online

Vu Wikipedia

Comics-online.lu ass eng Comic-Online-Adress mat internationalem Aspekt zu Lëtzebuerg.

Do gi lëtzebuergesch an auslännesch Comic-Zeechner(innen)(Amateuren) mat kurze Portraiten (Foto, Geburtsdatum, Nationalitéit, Kontaktadressen) an haaptsächlech hire Wierker virgestallt. Comics-online ass e Privatprojet vum Fern Weirich, dee vun him eleng gefouert gëtt an de 16. Juli 2008 an d'Internet koum.

Comic-online présentéiert sech wéi eng Vitrin oder e Zeechner-Katalog an deenen de Lieser sech séier erëmfënnt a sech iwwer déi eenzel Zeechner(innen), hiren Zeechestil, hir Projeten an hir Publiktiounen informéiere kann. Op där Säit fënnt een Zeechner vu Lëtzebuerg, aus der Belsch, aus Frankräich, aus Däitschland, aus der Schwäiz, aus Kanada, vun den Antillen a vun der Côte d'Ivoire. An der Rubrik "Webcomics" kann e ganz BDe liesen an um Bord vun der HP kënnen d'Covere vun den Auteuren an Auszich aus hire Bicher opgeruff ginn.

Den Zweck vu Comics-online ass d'Promotioun vu jonken (an net méi sou ganz jonken) Zeechner(innen), fir iwwer dee Wee méi e grousst internationaalt Publikum z'erreechen an evtl. och dem engen oder aneren Editeur opzefalen.

De Katalog gëtt lafend erweidert an huet scho méi wéi 30 Zeechner opweises.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]