Comité national d'action pour un moratoire

Vu Wikipedia

De Comité national d'action pour un moratoire, kuerz CNAM oder Cnam, war eng Platform vu verschiddene Vereenegungen, déi de 15. Mee 1974 gegrënnt gouf fir hir Oppositioun géint de Projet vun enger Atomzentral zu Remerschen, a spéider och géint déi zu Cattenom auszedrécken.

Member waren ë. a. d'Natura, Jeunes et evironnement (d'Virgängerorganisatioun vum Mouvement écologique) an d'Biergerinitiativ Museldall. President war den Norbert Stomp.

De CNAM huet Protestmeetingen organiséiert an ë. a. zwou Publikatiounen erausginn, KKW Remerschen Weißbuch (Mäerz 1977) a KKW Remerschen vor der Entscheidung (November 1977).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Monique Mathieu, 1899. Die Schatten der Kühltürme, in: Lëtzebuergeer Almanach vum Joerhonnert, 1900-1999. Luxembourg: Éditions Guy Binsfeld, S. 498-507.