Corina Ciocârlie
Ausgesinn
Corina Ciocârlie | |
---|---|
Gebuer | 13. Oktober 1963 |
Nationalitéit | Rumänien, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Essayist, Literaturkritiker, Theaterkritiker |
Famill | |
Papp | Livius Ciocârlie |
D'Corina Ciocârlie, gebuer den 13. Oktober 1963 zu Timișoara a Rumänien, ass eng Journalistin a Literaturkritikerin.
Si huet op der Universitéit vu Bukarest Sproochwëssenschaft a rumänesch Literatur studéiert.
D'Corina Ciocârlie schreift Literaturkritike fir d'Wochenzeitung Le Jeudi, mécht d'Koordinatioun vun der Tageblatt-Spezialbeilag Livres/Bücher an ass Mataarbechterin vun den Éditions Phi.
Den 11. November 2010 gouf si am Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain mam Lëtzebuerger Bicherpräis ausgezeechent, deen dat Joer vun den Éditions Ultimomondo an d'Liewe geruff gouf.
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Ciocârlie, Corina: Fals Tratat De Disperare, Editura Hestia, 1992, 277 Säiten, ISBN 973 91 9206 8
- Ciocârlie, Corina: Pragmatica Personajului, Editura Minerva, 1992, 209 Säiten, ISBN 973 21 0204 7
- Mersch, Corina: Un Miroir aux Alouettes. Petit dictionnaire de la pensée nomade, Éditions Phi & CNL, 1999, 208 Säiten, ISBN 2 87962 107 0
- Mersch, Corina: Laissez-passer. Topographie littéraire d'une Europe des frontières, Éditions Phi, 2004, 304 Säiten, ISBN 2 87962 193 3
- Ciocârlie, Corina: Il n'y a pas de dîner gratuit. Petit abécédaire de la rencontre en littérature mat Illustratioune vum Dan Perjovschi, ultimomondo, 2011, 248 Säiten, ISBN 978 2 919933 74 7
- Ciocârlie, Corina: În căutarea centrului pierdut, Colectie Revizitări, Editura ART, 2011, 208 Säiten, ISBN 978 973 124 595 9