Costa Smeralda

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Costa Smeralda un der Punta Capriccioli

D'Costa Smeralda ass een Deel vun der nordëstlecher Küst vu Sardinien. Am Norde gëtt se vu Palau, am Süde vun Olbia begrenzt. Den Numm kënnt vum Waasser, dat eng Faarf huet, déi un e Smaragd erënnert.

D'Küst ass ganz géi an huet nieft géie Fielsen och en ettlech schéi Sandplagen.

D'Costa Smeralda ass als touristesch Destinatioun doduerch gekennzeechent, dat de gréissten Deel vum Terrain a Privatbesëtz ass, an zwar an den Hänn vun engem Konsortium ëm den Aga Khan. Hien huet do d'Land a den 1960er Joren engem Schofshiert ofkaaft. Duerch den Afloss vum Konsortium konnten dofir bis haut d'Bausënnen, d'Ëmweltzerstéierung a de Massentourismus verhënnert ginn. Op der Costa Smeralda daarf kee Gebai méi wéi dräi Stäck hunn a muss sech der Landschaft upassen.

Porto Cervo gëtt als den Zentrum vun der Costa Smeralda ugekuckt. Grouss Parkanlagen a mondän Butikke ginn der Uertschaft en eegene Glanz. E Bummel am Hafen, fir déi schéinst Yachte vum Mëttelmier ze bewonneren, drängt sech op grad wéi de Besuch vun der Stella Maris, enger klenger Kierch mat engem wäertvollen Tableau, dee vu verschiddenen Experten dem El Greco zougeschriwwe gëtt. Zwanzeg Autominutte südlech vu Porto Cervo läit an enger Bucht Porto Rotondo, e klengen, awer bekannten Touristenzentrum.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Costa Smeralda – Biller, Videoen oder Audiodateien