Couvreux (Rouvroy)

Vu Wikipedia
Couvreux
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Rouvroy
Koordinaten 49° 33’ 10.93’’ N
      05° 27’ 56.66’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6767


Couvreux ass eng kleng belsch Uertschaft am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg an der Gemeng Rouvroy.

Se läit op der Grenz mat dem franséischen Departement Meuse op enger Héicht vun 235 Meter.

Duerch d'Uertschaft leeft d'Baach mat dem selwechten Numm, déi en Niewefloss vum Ton ass.