Croix du parjure

Vu Wikipedia
D'Croix du parjure

D'Croix du parjure och nach Croix du souvenir oder Croix de Lampré genannt, ass e Weekräiz an der Rue de France déi vun Harnoncourt op Montquintin féiert, ongeféier am éischten Drëttel vum Stouss. D'Kräiz aus Fer forgé steet op engem quadratesche stenge Sockel, an um Kräiz hänkt e wäisse Christus.

D'Seeche vum Kräiz erzielt datt e gewëssen Noël vun Harnoncourt, ënner dem Napoleon als Zaldot agezu gi war, an datt hie geschwuer hat, wann hie lieweg erëmkéim um Lieu-dit Lampré e Kräiz géif oprichten. Hie koum zwar vum Russlandfeldzuch erëm, huet awer säi Verspriechen net gehalen. No sengem Doud wier sengen Ierwe säi Geescht ëmmer erëm erschéngt, an hätt si gebieden dach dat Kräiz opzeriichten. Fir hir Rou ze hunn, hunn déi dat da schliisslech gemaach.