Montquintin

Vu Wikipedia
Montquintin
Kierch vu Montquintin an d'Ferme de la dîme
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Rouvroy
Koordinaten 49° 32’ 39.32’’ N
      05° 28’ 22.35’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6767

Montquintin ass e klengt Duerf an der Gemeng Rouvroy am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg.

Et läit op enger Kopp vun 330 Meter Héicht a kuckt iwwer d'Géigend vu Virton, den Dall vum Ton, an d'Cellulosefabréck vun Harnoncourt

Montquintin ass haaptsächlech bekannt wéinst de Ruine vum Schlass aus dem Mëttelalter. Dëst Schlass war vu 1760 un de Wunnsëtz vum Johannes Nicolaus von Hontheim a revolutionnaire Bëschof deen och nach ënner dem Pseudonym Justinus Febronius bekannt war.

D'Schlass gouf 1869 duerch e Brand zerstéiert.

Nieft der Kierch an engem ale Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert ass e Landwirtschaftleche Musée, deen iwwer d'Liewen op den Häff an der Gaume erzielt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Stouss vun Harnoncourt op d'Kopp, ongeféiert um hallwe Wee d'Croix du parjure.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Montquintin – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Ruine vum Schlass zu Montquintin