Crystal Palace FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vu Crustal Palace FC
Wope vu Crustal Palace FC

Crystal Palace FC (Spëtznumm The Eagles) ass en englesche Foussballveräin am Südoste vu London. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 am Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Selhurst Park Stadion.

De Veräi gouf 1905 gegrënnt. 1969 si si fir d'éischt an hirer Geschicht an d'First Division, deemools déi héchst Spillklass vum englesche Foussball, opgestigen. 1991 ware si um Enn vun der Saison op der 3. Plaz am englesche Foussballchampionnat, wat bis ewell hir bescht Positioun ass. Hir bescht Leeschtung am FA Cup koum 1990, wéi si et bis an d'Finall gepackt haten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vu Crystal Palace FC