D'Masha an de Bier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: Onverständleches am Artikel
D'Masha an de Bier
Serie
Produktiounsland Russland
Dauer ca. 7 Minutte pro Folleg
Faarf Faarweg
Originalsprooch Russesch
Follgen 243+
Éischt Folleg 2009
Staffelen 7
Episoden 104
Ekipp
Iddi Oleg Kuzovkov
Produzent Karussell (TV Kanal)
Distributioun Netflix, Google Play
Schauspiller
Masha
Bier

D'Masha an de Bier (op Russesch "Маша и Медведь") ass eng populär russesch Cartoon-Serie, vum Animacord Studio. D'Première war de 7. Januar 2009.

D'Iddi vum Projet koum vum Animateur Oleg Kuzaukov am Joer 1996. Hien huet e Meedchen op der Plage gesinn, deem säi Verhalen änlech wéi de Charakter vum Cartoon Masha war. De Kuzaukov war och vun der Cartoon-Serie "Tom and Jerry" inspiréiert. D'Iddi vum Komplott baséiert op der russescher Volleksgeschicht mam selwechten Numm "Masha and the Bear".

2011 koum den éischte Spin-Off mam Numm "Dem Masha seng Märercher" eraus, mat 26 Episoden op Basis vu russesche Volleksgeschichten. 2014 koum en zweete Spin-Off ënnert dem Numm "Dem Masha seng Horrorgeschichten" eraus.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

D'Meedche Masha fënnt zoufälleg d'Haus vum Bier, dat net wäit vun hirem Haus ass, a mécht do eng Mess. De Bier, erschreckt vun der Mess, probéiert si lass ze ginn, a léisst si alleng am Bësch. Am Ufank vun der Nuecht fänkt hien un, sech ëm d'Masha ze suergen a probéiert si am Bësch ze fannen, wat him awer net geléngt, a geet zeréck an säin Heem, wou hien si fënnt. Zanterhier sinn d'Masha an de Bier bescht Frënn. D'Masha kënnt dacks de Bier besichen, mécht dauernd Pranks a mécht vill Chaos. Doropshi probéiert de Bier hier eppes bäizebréngen, wat him awer net geléngt.

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

An de westleche Medie gëtt dëse Comic hei an do als pro-russesch-Propaganda kritiséiert.[1]

A Russland gouf et uganks awer och negativ Kriticken, de Comic wier eng weider Drog fir d'Kanner, e gouf mat den Teletubbies a mat Pokémon verglach a mat den US-amerikanesche Comics am grousse Ganzen, déi an de russesche konservative Kreesser als schlecht Virbiller fir Kanner gëllen.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.courrierinternational.com/article/macha-et-michka-le-dessin-anime-accuse-detre-pro-kremlin
  2. https://www.kinoafisha.info/articles/yazykom-ugolovnogo-kodeksa-rossiyanam-otkryli-glaza-na-mashu-i-medvedya/?utm%20source=24smi&utm%20medium=referral&utm%20term=2261&utm%20content=4325864%20a%203&utm%20campaign=25867