D'Natio'n

Vu Wikipedia

D'Natio'n war eng Zeitung, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 1. Januar 1915 an dem 1. August 1947 an onreegelméissegen Ofstänn erauskoum. Et war d'Organ vun der Letzeburger Nationalunio'n, där hiren Haaptmann de Lucien Koenig war.

D'Natio'n huet fir sech an Usproch geholl, fir d'Onofhängegkeet, d'Sprooch an d'Traditioune vum Lëtzebuerger Land ze kämpfen, andeems se oppen nationalistesch, auslännerfeindlech an antisemittesch Iddie verbreet huet.

Auswiel vun Ausgaben[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D'Natio'n – Biller, Videoen oder Audiodateien