D'Wäschfra (1868)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Wäschfra, déi 1868 fir d'éischt erauskoum. Fir déi vun 2010, kuckt wgl. d'Wäschfra (2010).
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Titelsäit vun der 1. Nummer.

D'Wäschfra. Humoristisch-satyrisches Wochenblatt war déi éischt illustréiert Lëtzebuerger satiresch Zäitschrëft.

Si ass tëscht dem 16. Mee 1868 an den 10. Mee 1884 erauskomm, Editeur war de Karl Becker (1834 - 1884), e gebiertegen Däitschen, deen zanter senger Kandheet am Ländche gelieft huet. Wéinst der Wäschfra goufen dem Becker seng Demandë fir Lëtzebuerger ze ginn, all refuséiert. Vun Ufank un hat d'Wäschfra e grousse Succès. Nieft den Abonnementer gouf et d'Wäschfra och am Stroosseverkaf an der Stad Lëtzebuerg.

D'Periodicitéit war onreegelméisseg, well et ëmmer nees Prozesser géint d'Zeitung gouf. Aus deem Grond huet den Titel och e puermol gewiesselt. Noenee war dat Thill Eulenspiegel, Der neutrale Pulcinell an D'Uoreg Zongen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thiel, Marc, 1993. D'Wäschfra. Histoire d'un journal satirique. 302 p. éditions forum.
  • Thiel, Marc, 1990. Satire et caricature de presse dans la seconde moitié du 19e siècle: l'histoire du premier journal satirique "D'Wäschfra" (1868-1884). Mémoire de fin de stage pédagogique, 2 vol. (277 p., 293 f.). Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D'Wäschfra (1868) – Biller, Videoen oder Audiodateien