D.T. Peckvillercher Nouspelt

Vu Wikipedia

Den D.T. Peckvillercher Nouspelt ass en Dëschtennisveräi vun Nouspelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Club ass 1956 am Café Bonifas gegrënnt ginn an zielt haut zu den eelsten Dëschtennisveräiner vu Lëtzebuerg.

Am Laf vun de Joren hunn d'Spillerinnen a Spiller vum Veräin eng Partie Titelen op den nationale Landesmeeschterschaften an deene verschiddenen Altersgruppe gewonnen.

Den éischte Jugendlandesmeeschter krut den DTN am Joer 1965 an och duerno hu sech d'Minimes a Preminimes mat deem engen oder anere Landesmeeschtertitel an de Palmarès vum DTN agedroen.

D'Dammen hunn 1968 d'Coupe gewonnen an dat Joer duerno 1969 goufe se Landesmeeschter.

Déi 1. Ekipp an der Formatioun mam Alain Recht, Leif Persson a Ronny Koch konnt den 23.12.2013 an der Finall géint Fiels/Haler fir déi éischt Kéier an der Veräinsgeschicht déi zweetwichtegst Coupe zu Lëtzebuerg, d'Coupe François Think, gewannen. Déi Coupe gëtt just zwësche Promotioun- an 1. Divisiounsekippen ausgespillt.

Den Aurélien Saphy gouf 2014 Landesmeeschter an der Kategorie B am Eenzel, am Dubbel an och Landesmeeschter bei de Minimes.

D'Minimes, Cadets, Jeunes a Seniorsekippen hunn iwwer all déi Zäit mat vill Succès an de verschiddenen Divisioune gespillt.

Iwwer déi lescht 12 Joer hu si mat duerchschnëttlech 8-10 Seniorsekippen an 2-3 Minimesekippen, 2-3 Cadetsekippen an 2-3 Jeunesekippe gespillt. Déi éischt Ekipp spillt schonn zanter enger gudder Zäit an der Promotioun, an zwar an der Formatioun mam Emmanuel Saphy, Leif Persson, Alain Recht a Ronny Koch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]