DK6

Vu Wikipedia

D'elektresch Zentral DK6 ass en thermescht Kombikraaftwierk zu Dunkerque a Frankräich.

Mat enger Nennleeschtung vu 790 MW, war d'DK6, éier déi zwee CCG EDF-Kraaftwierker zu Martigues a Betrib goungen, dat gréisst Kombikraaftwierk a Frankräich dat souwuel am Gasbetrib wéi och am Dampbetrib funktionéiere kann.

Et ass wéinst gemeinsamen Intresse vun der Arcelor a Gaz de France entstanen. De Stolproduzent wollt fir seng Exploitatioun zu Dunkerque d'Käschte reduzéieren andeems a sou engem thermesche Kraaftwierk seng Héichuewegasen an d'Gasen aus der Kockerei kéinte verwäert ginn.

D'DK6 gëtt mat sou mat Gase vun Arcelor Mittal Dunkerque beliwwert an och mat Naturgas vum Terminal GDF SUEZ deen eng 10 Kilometer dervun zu Loon-Plage ass. D'Stolwierk brauch eng 106 MW, sou datt bei voller Leeschtung 535 MW op den elektresche Maart verkaaft kënne ginn.