Danjon-Skala

Vu Wikipedia

D'Danjon-Skala ass eng fënnefstufeg Skala fir d'Klassifizéierung vun der Faarf an der Hellegkeet vu Mounddäischterten, déi nieft de geometreschen Eegenschafte vun der Däischtert och vun den aktuelle Bedingungen an der Äerdatmosphär ofhänken. Der Skala leie keng physikalesch Moosswäerter zugronn mä den entspriechende Wäert gëtt vum Observateur geschat. D'Skala gouf vum André-Louis Danjon virgeschloen an ass haut no him benannt. De Wäert vun der Dajon-Skala gëtt mat dem Buschtaf L markéiert.

D'Skala[änneren | Quelltext änneren]

D'Skala ass sou definéiert:

Wäert (L) Beschreiwung
0 Ganz donkel Däischtert. De Mound ass bal onsiichtbar, speziell géint d'Mëtt vun der Totalitéit.
1 Donkel Däischtert, gro bis brongelzeg an de Faarwen. Detailer sinn nëmme mat Schwieregkeeten ze gesinn.
2 Donkelrout oder raschtfaarweg Däischtert. Den zentrale Schiet ass ganz donkel, wärend et no baussen hi relativ hell gëtt.
3 Zillerout Däischtert. De baussenzege Schiet huet normalerweis en hellen oder gielzege Rand.
4 Ganz hell kofferrout oder orange Däischtert. De baussenzege Schiet huet e blozegen, ganz helle Rand.

Bestëmmung vum Wäert[änneren | Quelltext änneren]

D'Bestëmmung vum L-Wäert erfollegt am beschten an der Hallschent vun der Däischtert mat bloussem A. Den ermëttelte Wäert ass subjektiv a verschidden Observateure kënnen zu ënnerschiddleche Resultater kommen. Ausserdeem kann d'Hellegkeet vu verschiddene Beräicher variéieren an ënnerschiddlech Wäerter vun L hunn, well d'Hellegkeet ofhängeg vun der Distanz vun der Schietachs ass.

Aflëss op de Wäert vun L[änneren | Quelltext änneren]

Vill Faktore kënnen d'Ausgesinn vum Äerdmound wärend enger Däischtert beaflossen. Wichteg ass, wéi zentral den Äerdschiet de Mound trëfft. Awer och déi aktuell Bedingungen an der Atmosphär vun der Äerd si vu Bedeitung. Op Plazen, op deene keen direkt Sonneliicht d'Mounduewerfläch erreecht, kënnt e bëssi Liicht, dat an der Äerdatmosphär gebrach gëtt, bis op de Mound a gëtt him e roudelzege Schäin.

Den Deel vum Liicht, deen duerch d'Briechung um Mound ukënnt, beaflosst d'Hellegkeet wärend der totaler Däischtert. Déi hänkt vu verschiddene Faktoren of. Vulkanesch Eruptioune sinn ee vun den aflossräichsten Effeten. Vulkanausbréch, déi vill Äschen an d'Äerdatmosphär ofginn, hunn e puer Joer als Folleg, datt donkelrout Däischterten entstinn. Den Afloss vum Mount Pinatubo-Ausbroch war weltwäit extreem ze gesinn a sou gouf d'Mounddäischtert vum 9. Dezember 1992 mat dem Wäert L = 0 op der Danjon-Skala bewäert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]