David Černý
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
David Černý | |
---|---|
Gebuer |
15. Dezember 1967 Prag |
Nationalitéit | Tschechesch Republik |
Aktivitéit | Sculpteur, Konzeptkënschtler, visuelle Kënschtler, Dréibuchauteur, Chefdekorateur |
Den David Černý, gebuer de 15. Dezember 1967 zu Prag, ass en tschechesche Sculpteur.
Hie gouf international bekannt, wéi en 1991 zu Prag en Tanks op engem Monument fir d'Rout Arméi rosa ugestrach hat, an dofir fir kuerz Zäit an de Prisong koum. Zu Prag si seng meescht Wierker ze gesinn, dorënner den iwwerdimensionale Metronom um Letna-Hiwwel, do wou fréier eng Stalin-Statu stoung; Puppelcher, déi den Televisiouns-Sendemast eropkrauchen, eng nogemaacht Reiderstatu mam Hellege Wenzel, deen op engem doudege Päerd sëtzt, dat d'ënnescht-d'iewescht hänkt oder en Trabant mat Féiss am Gaart vun der däitscher Ambassade.
Fir Opreegung gesuergt hunn och e Waasserbaseng vun him, an de Konture vun Tschechien, bei deem zwou maanshéich Statue stinn, déi an de Baseng urinéieren, an deenen hire Stral ee via SMS Wierder "schreiwen" doe kann, an eng Nobildung vum Saddam Hussein, deen, wéi d'Haie vum Damien Hirst, am Formol schwëmmt.
Am Kader vun der tschechescher EU-Conseilspresidence am éischte Semester 2009, huet hien zu Bréissel am Patio vum Justus-Lipsius-Gebai, dem Sëtz vum Conseil vun der Europäescher Unioun, d'Konschtwierk Entropa ausgestallt.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
De Wenzel am Lucerna-Passage
-
De Sigmund Freud an der Prager Altstad
-
Ee vun de "Miminka" (Puppelcher) um Prager Televisiounstuerm
-
Bushaischen zu Liberec
-
Message un de Staatspresident, an der Vltava, zu Prag (2013)
-
Männer, déi pissen, am Haff vum Kafka-Musée zu Prag
-
De rosaen Tanks
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: David Černý – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum David Černý (cs) (en)