Entropa

Vu Wikipedia
Entropa, ausgestallt 2018 zu Plzeň.

Entropa ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat ënner der tschechescher EU-Conseilspresidence, am éischte Semester 2009, bis Mëtt Mee am Justus-Lipsius-Gebai zu Bréissel, dem Sëtz vum Conseil vun der Europäescher Unioun, ausgestallt gouf.

Et housch ufanks, den tschechesche Kënschtler David Černý hätt et aus Kontributioune vu 27 Kënschtler aus jee engem vun den EU-Memberstaaten zesummegesat, mä du koum eraus, datt hie praktesch alles selwer mat dem Krištof Kintera an dem Tomáš Pospiszyl, souwéi der Hëllef vun anere Kolleegen aus Tschechien an dem Ausland, fabrizéiert hätt.

Déi tschechesch Regierung sollt d'Wierk bis den 30. Juni 2009 beim David Černý fir de Präis vu 50 000 Euro lounen. Mëtt Mee 2009 huet den Cerný awer d'Wierk nees ofmontéiere gelooss, fir géint d'Iwwerganksregierung ze protestéieren (déi e "Pirate" genannt huet) déi no engem Mësstrauensvote vum tschechesche Parlament vum President Klaus agesat gi war.[1]

Et ass eng Installatioun, déi wéi en iwwerdimensionéierte Bausaz ausgesäit, wou all Land duerch eng oder méi Stereotype representéiert ass. Sou ass Lëtzebuerg a Form vun engem Gold-Barren, mam Schëld "FOR SALE" drop, Frankräich ass iwwerspaant mat enger Banderole wou "GRÈVE!" dropsteet, d'Belsch besteet aus enger hallef eideler Knippercherskëscht, Holland ass als Iwwerschwemmungsgebitt representéiert, wou nëmmen nach e puer Minaretten aus dem Waasser kucken, Portugal gëtt duergestallt als Schneitbriet mat dräi Stécker Fleesch a Form vu senge fréiere Kolonien Angola, Brasilien a Mosambik, Schweden ass an engem IKEA-Kartong verschwonnen, amplaz vu Groussbritannien ass just eng eidel Plaz, asw.

Kontroversen hunn d'Representatioun vu verschiddene Länner provozéiert: Bulgarien als en Assemblage vun Hupp-Toiletten, Rumänien als eng Zort Dracula-Geeschterbunn oder Dänemark als e Koup Legosteng, déi eng vun de berüchtegte Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten erëmginn. D'Slowakei ass, wéi eng Zoossiss oder eng Läich, mat enger Schnouer an de Faarwe vum ungaresche Fändel agepaakt, an Italie besteet aus engem Foussballsterrain, op deem animéiert Spiller am Gaang sinn, mam Ball z'onanéieren. 'Dem Černý no wier dat ganzt en 'Test' fir ze kucken, op Europa kéint iwwer seng Clichéen an iwwer sech selwer laachen.

Den 20. Januar 2008 gouf d'Representatioun vu Bulgarien mat engem schwaarzen Duch zougehaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: David Černý – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Décrochage de l'exposition Entropa, quatre mois après la controverse." afp Gearchiveerd op 2011-01-14. Gekuckt de(n) 2011-01-14.