David Gill

Vu Wikipedia
David Gill
Gebuer 12. Juni 1843
Gestuerwen 24. Januar 1914
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Fotograf
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences

De Sir David Gill gebuer den 12. Juni 1843 zu Aberdeen a gestuerwen de 24. Januar 1914 zu London, war e britteschen Astronom.

De Gill huet d'Parallax vum Mars benotzt, fir d'Distanz zu der Sonn ze bestëmmen. Hien huet de Gebrauch vum Heliometer perfektionéiert.

Hie war "Her Majesty's Astronomer" um Kap vun der Gudder Hoffnung. Hie war och Pionéier an der Astrophotographie. Seng Aarbechte waren och d'Grondlag vu villen intressante Stärentdeckungen, wéi z. B. de Kapteyns Stär, deen op Fotoplacken déi hie mat an Europa matbruecht hat, entdeckt konnt ginn.

Am Joer 1900 gouf hie mat der Bruce Medail ausgezeechent. D'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society krut hien zweemol, an zwar 1882 an 1908.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]