David Kalakaua I.

Vu Wikipedia
David Kalakaua I.
Gebuer 16. November 1836
Honolulu
Gestuerwen 20. Januar 1891
San Francisco
Doudesursaach Nephropathie
Aktivitéit Monarch, Komponist
De Kinnek David Kalakaua I.

Den David Kalakaua I., gebuer als David Laʻamea Kamanakapuʻu Mahinulani Nalaiaehuokalani Lumialani Kalākaua den 12. November 1836, a gestuerwen den 20. Januar 1891 zu San Francisco am US-Bundesstaat Kalifornien, war dee leschte vun den hawaiiesche Kinneken. Hien huet vum 12. Februar 1874 bis zu sengem Doud regéiert.

D'Wale vun 1872[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Kinnek Kamehameha V., dee leschte vun der Kamehameha-Dynastie den 11. Dezember 1872 gestuerwen ass, ouni en Nofollger genannt ze hunn, huet déi Legislativ, wéi et an der kinneklecher Constitutioun stoung, den Nofollger bestëmmt.

Wuel gouf et e puer Kandidaten, awer nieft dem Kalakaua war et just de William Charles Lunalilo deen eng Konkurrenz fir de Kalakaua war. D'Wale vum 1. Januar 1873 huet de Lunalilo gewonnen an den Dag drop huet d'Regierung d'Resultat confirméiert.

D'Wale vun 1874[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Lunalilo schonn e Joer méi spéit, den 3. Februar 1874 gestuerwen ass, huet de Kalakaua an d'Kinnigin Emma, d'Wittfra vum Kamehameha IV., kandidéiert. Den 12. Februar huet d'Regierung de Kalakaua mat 39 géint 6 Stëmme gewielt. Nodeem d'Resultat publizéiert gouf, hu Supporter vun der Emma d'Gebai vum kinnekleche Geriicht gestiermt an e puer Ministere blesséiert an een ëmbruecht. Den neie Kinnek huet doropshin d'USA a Groussbritannien ëm Hëllef geruff an nach de selwechten Dag konnt d'Rou nees retabléiert ginn.

De Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

Als Trounfollger huet de Kalakaua säi Brudder, de William Pitt Leleiohoku, genannt. Vun do un ass de Kinnek net méi vun der Regierung gewielt ginn. Eng Rees iwwer déi hawaiiesch Inselen huet him vill Popularitéit bruecht. 1879 gouf domat ugefaangen, deen ale Iolani-Palast ofzerappen, an en duerch en neien z'ersetzen.

Weltrees[änneren | Quelltext änneren]

1881 ass de Kinnek op eng Weltrees gaangen, déi hien ënner anerem an Däitschland an an Éisträich gefouert huet.

Zu Berlin krut de Kalakaua vum Keeser Wilhelm I. e Schellebam geschenkt, mat der Gravur no ka hoomanao ana ia Berlin, dat als Erënnerung u Berlin bedeit.

De Kalakaua, deen e grousse Bewonnerer vu Walzer war huet beim Staatsbesuch zu Wien dovu profitéiert fir Partitioune vu Stécker vum Johann Strauß Papp a Johann Strauß Jong ze kafen, a fir Aarbechter fir seng Plantagen ze rekrutéieren.

Nom Besuch zu Wien, huet de Kinnek an engem Bréif op Hawaii de Volleksdanz Hula, de laang Zäit vun de Missionnairë verbuede war, nees ausdrécklech erlaabt.

Aloha Oe[änneren | Quelltext änneren]

Den Evergreen Aloha Oe, eng vun de sellege Melodien, déi vum Kinnek senger Sëschter, der Liliʻuokalani, geschriwwe goufen, ass nach haut déi inoffiziell Nationalhymn vun Hawaii.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: David Kalakaua I. – Biller, Videoen oder Audiodateien