De Pafesak

Vu Wikipedia
Extrait aus dem Chamberbliedche vum 18. Februar 1909 mam Text vum Pafesak

De Pafesak (Original Schreifweis: De Pâfesâck) ass e Gedicht op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891).

D'handgeschriwwent Gedicht steet - ouni Datum an ouni Ënnerschrëft - op Bréifpabeier vun der „Société des treize“ geschriwwen an niewendru pecht en Extrait vum Rapport vun der Chamberssëtzung vum 18. Februar 1909 an där et ëm d'Trennung vu Kierch a Staat goung[1]. Den Deputéierten Robert Brasseur huet d'Gedicht an der genannter Chamberssëtzung virgedroen.[2]

Text vum Gedicht[änneren | Quelltext änneren]

ëmgeschriwwen an déi aktuell Lëtzebuerger Schreifweis

De Pafesak[änneren | Quelltext änneren]

Et war emol e Bauremann,
Deen hat zwee Sinn[3]: Deen een, de Jan,
Deen huet de Plou geféiert;
Deen aneren, de Klos, deen huet studéiert,
Goung an de Seminaire,
Krut d'Kopp geschuer a war en Här.
De Papp, de stierft. – Du gouf
Gedeelt, dat Schlecht ewéi dat Bescht;
Dach duerch en Zoufall blouf
En eidele Sak nach Rescht.
Dee kéim dem Jan wuel gutt zu Paass.
Dach d'Kierch déi versteet kee Spaass
Do, wou et eppes heescht ze deelen,
Do wäert se och gewëss net feelen
He, sot de Klos, he Jan, pak un,
Ech wëll meng Halschent och dervun.
A gläich gräift hien de Sak beim Géier.
De Jan beim Buedem, hëlt eng Schéier.
A schneit en an der Mëtten of.
Nu kuckt! Wor dat vläicht Gottesstrof?
Dem Klos säi Stéck dat hat kee Buedem
Fir en ze néie gëtt kee Fuedem
An duerfir nennt nach haut de Pak
Esou e Sak – de Pafesak!

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Gedichter vum Dicks

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Goetzinger Germaine, Muller Roger, Sahl Nicole, Weber Josiane, „Dicks: 1823 - 1891, Edmond de la Fontaine - Ech sinn e groussen Hexemeeschter“, 2009, Centre national de littérature (Mersch), S. 202, ISBN 978-2-919903-17-7
  2. Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg, Session ordinaire de 1908-1909, Première partie, Séances du 10 novembre 1908 au 25 mai 1919. Luxembourg, 1909, S. 937-938
  3. Sonn, Plur. Sinn: fréier fir Fiss, Jong