Dead Man Talking

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Dead Man Talking
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Frankräich
Première 2012
Originalsprooch Franséisch
Equipe
Regie Patrick Ridremont
Dréibuch Patrick Ridremont
Jean-Sébastien Lopez
Fotografie Danny Elsen
Musek Sylvain Goldberg,
Matthieu Gonet,
Gast Waltzing
Produzent Nexus Factory
Bidibul Productions
Ufilm
Superprod
Schauspiller
François Berléand als de Prisongsdirekter
Virginie Efira als Sekretärin vu Gouverneur
Patrick Ridremont als William Lamers
Christian Marin als Aumônier Georges
Jean-Luc Couchard als de Gouverneur Stieg Brodeck
Olivier Leborgne als säi Porte-parole
Denis MPunga als Giichtchen
Pauline Burlet als Duechter vum Direkter
Leila Schaus als Florence

Dead Man Talking ass e belsch-lëtzebuergesch-franséische Film vum belsche Regisseur Patrick Ridremont, deen och d'Haaptroll spillt.

En hat Première den 29. September 2012 um Festival vun Namouer, a koum den 3. Oktober 2012 an der Belsch, an de 27. Mäerz 2013 a Frankräich an zu Lëtzebuerg an de Kino.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De William Lamers ass zum Doud veruerteelt a soll exekutéiert ginn. Hien huet per Gesetz d'Recht, eng lescht Deklaratioun ze maachen. Am Gesetz steet awer net, wéi laang déi Deklaratioun dauere kann. A sou fänkt de Lamers mat engem laange Monolog un, an hält an hält net op...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]