Deadpool

Vu Wikipedia
Deadpool
Bei Dréiaarbechten zu Vancouver 2015
Createur Rob Liefeld, Fabian Nicieza
Ass en(g) Comicfigur, animéiert Figur, Filmfigur, Spillfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Zaldot
Universum
Aus Marvel Universum
Present am Deadpool,
Marvel Strike Force

Den Deadpool, alias de Wade Wilson, ass e fiktive Personnage, deen an de Comic-Bicher vu Marvel Comics virkënnt.[1] Hiren alleréischten Optrëtt hat d'Figur am Comic-Heft New Mutants #98 vum Rob Liefeld a Fabian Nicieza, dat den 10. Februar 1991 verëffentlecht gouf.[2] Spéider gouf dunn eng eege Comic-Rei gegrënnt.

Den Deadpool ass dofir bekannt, datt hien déi véiert Mauer, déi de Lieser vun de Comic-Figuren trennt, iwwerwannen a sech direkt un de Lieser riichte kann. Dat an de Fait, datt hien déi ganzen Zäit witzeg Spréch rappt an d'Handlung kommentéiert, dréit dozou bäi, datt hien och nach als de Merc with a Mouth bekannt ass.[3]

Nieft senger eegener Comic-Rei daucht den Deadpool och an anere Medien op. Sou gëtt et zwéi Filmer, Deadpool (2016) an Deadpool 2 (2018), an och e Videospill Deadpool.[4][5][6]

Comic-Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech vum Rob Liefeld als béise Géigespiller geschaf, ass den Deadpool déi éischt Kéier iwwerhaapt 1991 am Comic-Heft New Mutants #98 an Zesummenaarbecht mam Fabian Nicieza opgedaucht. Wéinst sengem Glach mat der DC-Figur Deathstroke The Terminator (alias Slade Wilson) aus dem Comic New Teen Titans, soll den Nicieza als Referenz op dësen de biergerlechen Numm vun der Figur, Wade Wilson, virgeschloen hunn. Dono hat hie reegelméisseg Optrëtter als béise Géigespiller an der Serie X-Force.[7]

Den 10. August 1993 ass dunn déi éischt Mini-Serie mam Deadpool erauskomm: Deadpool: The Circle Chase gouf vum Fabian Nicieza geschriwwen a vum Joe Madureira gezeechent.[8] Eng zweet Mini-Serie, Deadpool: Sins of the Past, vum Auteur Mark Waid a vum Zeechner Ian Churchill, ass 1994 erauskomm.[9]

1997 gouf du schliisslech eng undauernd Comic-Serie mam Titel Deadpool gegrënnt, déi am Ufank vum Joe Kelly geschriwwen a vum Ed McGuinness gezeechent gouf. Mat där Rei huet den Deadpool ugefaange sech vun engem renge Killer an eng Persoun z'entwéckelen, déi och mol probéiert, aner Mënschen ze retten. Dobäi ass vill méi eng humorvoll Stëmmung am Comic opkomm. Och déi haut nach bekannten Niewefigure Weasel, säi beschte Frënd, a seng Prisonéiesch Blind Al, déi gläichzäiteg och e bëssen eng Mammeroll am Deadpool sengem Liewen iwwerhëlt, goufen dunn agefouert. Des Weidere koum och an dëser Comic-Rei dem Deadpool säin Talent, déi véiert Mauer zum Lieser ze duerchbriechen, no an no zum Asaz. Obwuel de Liefeld an de Nicieza de Personnage entworf hunn, gëtt de Kelly als deejéinegen ugesinn, deen d'Figur beim Public populär gemaach huet. Well de Comic ëmmer kuerz virun enger Annulatioun stoung, hunn de Kelly an de McGuiness och net gezéckt, fir wierklech verréckt Iddien am Comic ëmzesetzen, eng Charakteristik, déi d'Deadpool-Comics hautdesdaags nach definéiert.[7],[10]

Nodeems dem Kelly säin Nofollger, de Christopher Priest, d'Brieche vun der véierter Mauer sou richteg als Charaktereegenschaft vum Deadpool definéiert hat, gouf se an de Bänn 46 bis 64 erëm ewechgelooss. Nom 69. Heft gouf d'Deadpool-Serie ofgebrach an d'Serie Agent X gouf vun 2002 un erausbruecht mat enger Deadpool-änlecher Haaptfigur. 2004 huet d'Comic-Rei Cable & Deadpool ugefaangen, fir déi iwwer 50 Hefter vum Fabian Nicieza geschriwwe goufen.[7]

Um Enn vun den 2000er Jore sinn dräi weider Deadpool-Reien erauskomm: Deadpool Vol. 2 (2008-2012), Deadpool: Merc with a Mouth (2009-2010) an Deadpool Team Up (2009-2011).[11],[12],[13] An den 2010er Joren ass eng Onmass vun Deadpool-Comics erauskomm, dorënner erëm nei ugefaangen Deadpool-Reien, wéi Deadpool Vol. 3 (2012-2015), oder Niewereien a Mini-Serien, wéi Deadpool Corps (2010-2011), an där den Deadpool sech mat alternative Versioune vu sech zesummendeet, oder Deadpool Kills the Marvel Universe (2011-2012).[14],[15],[16]

Donnéeën zum Personnage[änneren | Quelltext änneren]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Wade Wilson, alias Deadpool, gouf a Kanada gebuer an ass als Weesekand opgewuess. Iwwert säi richtege Gebuertsnumm, seng genau Gebuertsplaz oder seng Elteren ass näischt weider bekannt. Mat 17 Joer ass hien an d'Arméi gaangen, aus där hien awer kuerz drop erëm erausgeheit gouf. Doropshin huet hien decidéiert en Optragskiller ze ginn. D'Identitéit vum Wade Wilson huet hien héchstwahrscheinlech vun engem Typ geklaut, deen de Killer zesumme mat senger Partnerin no engem mësslongenen Optrag gesond gefleegt huet.

Spéider léiert hien d'Vanessa Carlyle kennen, mat deem hien och zesumme kënnt. Net laang dono gëtt de Wilson allerdéngs mat onheelbarem Kriibs diagnostizéiert. Doropshi mécht hie mat senger Frëndin Schluss fir als Testpersoun um sougenannte “Weapon X”-Programm deelzehuelen. Bei dësem konnt de Wilson vu sengem Kriibs geheelt ginn an huet anengems eng Heelfäegkeet, seng nei “Superkraaft”, kritt. Erméiglecht gëtt dat doduerch, datt seng Zelle sech konstant nei forméieren an unuerdnen.[17] Nom Erhale vu senger Heelfäegkeet sollt hien u sech mat anere Leit vum Programm als Zaldoten an engem Team schaffen. Vu datt hien, opgrond vu sengem Charakter, awer net an enger Grupp schaffe konnt, hunn déi Verantwortlech decidéiert hien duerch e luesen a qualvollen Doud am sougenannten "Hospice" z'eliminéieren. Vun dëser Plaz huet de Wilson dann och säi spéidere Spëtznumm "Deadpool" kritt, well den "Dead pool" u sech eng Wett ënnert den zum Doud Verurteelte war, doriwwer wien als éischt géif stierwen. De Wilson konnt säin Doud allerdéngs evitéieren an ass aus dem Hospice entkomm. Hien huet d'Blind Al gefaange geholl an huet erëm do weider gemaach wou e virdrun opgehalen huet: aner Leit ëmbréngen. Dono huet den Deadpool divers Abenteuer erlieft, ënner anerem mat den X-Men, den Avengers, mam Spider-Man oder och mat den Deadpool Corps, enger Grupp vun alternativen Deadpool-Figuren.[18]

Sou erzielt den Deadpool zumindest säi Liewen op der offizieller Websäit vu Marvel.[19]

Charakterzich[änneren | Quelltext änneren]

Dem Deadpool seng besonneschst Fäegkeet ass wuel, datt hien déi véiert Mauer, déi d'Comic-Figure vum Public trennt, duerchbrieche kann. Weider ass hie sech och bewosst, datt hie just e Personnage aus engem Comic ass. Seng Fäegkeet, duerch déi hie sech direkt un de Lieser riichte kann, a generell einfach seng Gespréichegkeet, déi hien och wärend engem Kampf seele verléiert, dréit dozou bäi, datt hien och nach de Spëtznumm “The Merc with a Mouth” krut.[19][20],[21]

Dobäi huet den Deadpool en onverkennbaren Humor. Sou mécht hien an de Comics och ganz gär Uspillungen op aner Comics oder Comic-Personnagen, meeschtens fir mat hinnen de Geck ze maachen.[20]

Laut dem Co-Erfinder Nicieza huet déi stänneg Erneierung an Neiuerdnung vum Deadpool sengen Zelle verursaacht, datt hie verréckt ginn ass an datt hien e ganz schlechte Verhalt huet (dowéinst ass och sou wéineg iwwert seng Vergaangenheet gewosst). Dëst dréit dozou bei, datt hie seng Meenung iwwert eng Saach vun engem Moment op den anere wiessele kann.[17] Dem Deadpool seng Sexualitéit soll och dovun ofhängeg sinn, dowéinst gëtt hie normalerweis als pansexuell oder omnisexuell ugesinn. Sou ännere sech seng sexuell Interesse nämlech och konstant[22]:

[Deadpool's] brain cells are in CONSTANT FLUX. He can be gay one minute, hetero the next, etc.[23]

Superkraaft a Fäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Dem Deadpool seng Superkraaft ass seng Heelfäegkeet. Si erlaabt et him, sech séier vu schlëmme Verletzungen z'erhuelen a si léisst souguer ganz Kierperdeeler erëm nowuessen. Sou huet hien eng Kéier souguer säi Kapp verluer an et trotzdeem iwwerlieft.[24] Des Weidere beherrscht den Deadpool eng Rëtsch vu verschiddene Kampfkonschten. Dëst stellt hien an de Comics ëmmer erëm mat senge Katanaen ënner Beweis. Hie kann allerdéngs och exzellent mat Schosswaffen ëmgoen, souguer vu Wäitem.[20][25] Do dobäi kënnt och nach, datt den Deadpool nieft senger Mammesprooch Englesch nach 3 aner Sprooche fléissend schwätzt, an zwar Däitsch, Japanesch a Spuenesch.[25]

Beléiftheet[änneren | Quelltext änneren]

An der Top-200-Lëscht vun der Zäitschrëft Wizard zu de beschte Comic-Figure vun allen Zäite steet den Deadpool op der 182. Plaz.[26] D'Zäitschrëft Empire placéiert den Deadpool an hirer Top-50-Lëscht op der 45. Positioun an IGN setzt den Deadpool op d'Plaz 31 an hirer Top-100-Lëscht vun de beschte Comic-Figuren.[24],[27]

2017 waren och zwee Deadpool-Comics an der Top 100 vun de meescht verkaafte Comic-Bicher an Nordamerika: Despicable Deadpool placéiert sech op Plaz 66 an Deadpool kills the Marvel Universe again op Plaz 100.[28]

An anere Medien[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Deadpool ass an der animéierter Serie Ultimate Spider-Man virkomm, wou hie vum Will Friedle geschwat gouf. D'Episod Ultimate Deadpool ass de 7. Juli 2013 erauskomm.[29]
  • Des Weideren hat hien an der japanescher Anime-Serie Marvel Disk Wars: The Avengers (2014) zwee Optrëtter an den Episoden The Forbidden Hero Appears a Chris and the Moment of Truth!.[30],[31]
  • Och am japaneschen Anime Future Avengers ass den Deadpool virkomm.[32]

Film[änneren | Quelltext änneren]

  • Säin éischte Filmoptrëtt hat den Deadpool, respektiv de Wade Wilson, am Film X-Men Origins: Wolverine (2009), wou hie vum Ryan Reynolds gespillt gouf.[33] De Wilson, och hei extreem schnësseg, kämpft am Ufank nach mat senge Katanaen an enger iwwermënschlecher Geschwindegkeet. Um Enn vum Film gouf hien allerdéngs an d'“Weapon XI” verwandelt mat Fäegkeeten, déi iwwer déi vum Deadpool aus de Comics erausginn. Sou konnt hie sech teleportéieren, e Laser aus sengen Ae schéissen an hat, änlech wéi de Wolverine, Adamantium-Messeren, déi aus sengen Hänn erauskomm sinn. Zu kengem Moment dréit hien awer säi Kostüm am Film.[34] De Charakter trëtt éischter als Wade Wilson ewéi als Deadpool op.
  • 2016 ass de Film Deadpool erauskomm, och mam Ryan Reynolds als Wade Wilson.[4] D'Geschicht vun der Figur hält sech hei éischter un d'Geschicht wéi se och an de Comics an op der Säit vu Marvel erzielt gëtt. Sou ass de Wade Wilson en Optragskiller, dee Kriibs huet a seng Fäegkeeten duerch e Versuchsprogramm kritt, bei deem hie sech no senger Diagnos ugemellt huet. Remarkabel, wéi an de Comics, ass dem Deadpool säin Humor a seng Fäegkeet, sech direkt un d'Audienz ze riichten.
  • 2018 ass d'Fortsetzung Deadpool 2 erauskomm, nees mam Reynolds an der Haaptroll.[5]
  • Des Weidere gëtt erwaart, datt den Deadpool och am Film X-Force virkënnt, dee momentan (Enn 2018) nach an der Maach ass.[35]

Videospiller[änneren | Quelltext änneren]

Nieft diverse Marvel- an X-Men-Spiller, an deenen den Deadpool virkënnt, ass 2013 och d'Spill Deadpool erauskomm, dat vun High Moon Studios entwéckelt gouf.[6]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. https://www.marvel.com/characters/deadpool-wade-wilson
  2. https://www.marvel.com/comics/issue/10441/new_mutants_1983_98
  3. https://www.looper.com/9352/awful-history-deadpool/
  4. 4,0 4,1 https://www.imdb.com/title/tt1431045/
  5. 5,0 5,1 https://www.imdb.com/title/tt5463162/
  6. 6,0 6,1 https://www.ign.com/articles/2012/07/14/comic-con-deadpool-video-game-announced-trailer
  7. 7,0 7,1 7,2 http://www.acriticalhit.com/you-dont-know-merc-a-history-of-deadpool/
  8. https://www.marvel.com/comics/series/2003/deadpool_the_circle_chase_1993
  9. https://readcomiconline.to/Comic/Deadpool-1994
  10. https://www.cbr.com/reflections-talking-everything-with-joe-kelly/
  11. https://www.marvel.com/comics/series/5701/deadpool_2008_-_2012
  12. https://www.marvel.com/comics/series/8865/deadpool_merc_with_a_mouth_2009_-_2010
  13. https://www.marvel.com/comics/series/9045/deadpool_team-up_2009_-_2011
  14. https://www.marvel.com/comics/series/16542/deadpool_2012_-_2015
  15. https://www.marvel.com/comics/series/9343/deadpool_corps_2010_-_2011
  16. https://www.marvel.com/comics/series/15487/deadpool_kills_the_marvel_universe_2011_-_2012
  17. 17,0 17,1 https://www.cbr.com/deadpool-co-creator-weighs-in-on-characters-sexuality/
  18. Deadpool kills Deadpool #1.
  19. 19,0 19,1 https://www.marvel.com/characters/deadpool-wade-wilson/in-comics
  20. 20,0 20,1 20,2 Deadpool kills Deadpool #1-4.
  21. https://www.newsarama.com/3348-2-great-tastes-that-taste-great-together-joe-kelly-deadpool.html
  22. https://www.bleedingcool.com/2015/08/18/deadpool-his-sexual-orientation-and-twitter/
  23. https://twitter.com/FabianNicieza/status/632359685333626880?ref_src=twsrc%5Etfw%7Ctwcamp%5Etweetembed%7Ctwterm%5E632359685333626880&ref_url=https%3A%2F%2Fwww.bleedingcool.com%2F2015%2F08%2F18%2Fdeadpool-his-sexual-orientation-and-twitter%2F
  24. 24,0 24,1 https://www.empireonline.com/movies/features/50greatestcomiccharacters/?c=45/
  25. 25,0 25,1 https://www.marvel.com/characters/deadpool-wade-wilson/in-comics/profile
  26. https://web.archive.org/web/20080712002358/http://www.wizarduniverse.com/051308top200characters2.html
  27. https://www.ign.com/lists/comic-book-heroes/31
  28. http://www.comichron.com/monthlycomicssales/2017.html
  29. Archive copy Gearchiveerd op 2013-07-02. Gekuckt de(n) 2018-12-23.
  30. https://simkl.com/tv/51034/marvel-disk-wars-the-avengers/season-1/episode-27/
  31. https://simkl.com/tv/51034/marvel-disk-wars-the-avengers/season-1/episode-30/
  32. https://www.crunchyroll.com/anime-news/2017/10/03-1/ms-marvel-prepares-to-make-her-anime-debut-in-future-avengers
  33. https://www.imdb.com/title/tt0458525/
  34. X-Men Origins: Wolverine, 2009, 20th Century Fox.
  35. http://www.filmstarts.de/kritiken/222756.html