Den Dram vun der rouder Kummer

Vu Wikipedia
Illustratioun vum Xu Baozhuan

Den Dram vun der rouder Kummer, op Chineesesch 红楼梦 / 紅樓夢 Hóng Lóu Mèng, och genannt „D'Geschicht vum Steen“, op Chineesesch 石头记 / 石頭記 Shítóu Jì, ass ee vun de bekanntste klassesche Romaner aus dem ale China. E gehéiert zu de véier klassesche Romaner vu China.

Den Auteur Cáo Xuěqín (曹雪芹, Tsao Hsüe Kin) (1715-1764), dee seng Aarbecht ëmmer nees iwwerschafft huet, krut säi Projet, iwwer honnert Kapitelen ze schreiwen, net fäerdeg. 1792 ass eng vum Gāo È (高鹗 / 高鶚, Kao O) op 120 Kapitele verlängert Editioun gedréckt ginn.

Et ass eng filigran verschachtelt Geschicht mat iwwer 350 Figuren an där et ëm d'Entwécklung an de Verfall vun enger Aristokratefamill aus der Mandschurei geet.

Well de Gāo È d'Enn e bëssen "adaptéiert" huet, fir der Zensur vum Keeser z'entgoen, huet déi Versioun de sozialkriteschen Hannergrond verluer.

Dëse Roman gëllt als als déi bescht Duerstellung vu China an der Zäit vun der Qing-Dynastie (1644 - 1912).

1932 ass am Insel Verlag eng däitsch Editioun vum Franz Kuhn erauskomm, déi 1953 nei gedréckt gouf. An där feelen 200 Säiten.

Als "lescht" Editioun gëllt déi vum Feng Qiyong, déi 1953 zu Peking an dräi Bänn erauskoum. Dodra sinn déi 80 Kapitele vum Cao Zhan an déi lescht 40 vum Gāo È.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Den Dram vun der rouder Kummer – Biller, Videoen oder Audiodateien