Den Idiot

Vu Wikipedia

Den Idiot (russ. Идиот) ass ee vun de bekanntste Romaner vum Fjodor Dostojewski, an eent vun de brillantste literaresche Wierker vum "Gëllenen Zäitalter" vun der russescher Literatur, a vun der Weltliteratur iwwerhaapt.

E gouf vum Dostojewski 1867 zu Genf ugefaangen an 1868 zu Mailand fäerdeggeschriwwen, an ass vu Januar 1868 bis Februar 1869 an der Zäitschrëft Russki Westnik publizéiert ginn.

Den Dostojewski erzielt d'Geschicht vum jonke Fierscht Myschkin, dee vu sou enger naiver onschëlleger Guttheet ass, datt en dacks vu senge Matmënsche fir en Idiot gehale gëtt. Zu Sankt Péitersbuerg stéisst e ganz séier an den Zentrum vun engem Ränkespill ëm zwou schéi Fraen, deenen hir Affektioun hie sech séchere kann. Leider ass et grad dem Fierscht seng onbegrenzt Guttheet déi zu enger grousser Tragedie féiert.

De Schrëftsteller gebraucht säin allgemeng liicht, spannend an dacks häerzzeräissend geschriwwene Roman och fir säitelaang Kritik u mënschleche Charakterzich a gesellschaftlechen a politesche Stréimungen. Wat u Manierismen hautdesdaags antiquéiert wierkt gëtt dem Wierk awer eng ganz besonnesch romantesch Grondstëmmung, an dem Dostojewski seng Mënschekenntnes a fäi Psychologie sinn och haut nach vu grousser Aktualitéit.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

De 26 Joer ale Fierscht Lew Nikolajewitsch Myschkin, leschte vu sengem Geschlecht, fiert no Joren an enger Schwäizer Heelanstalt op Sankt Péitersbuerg zeréck. Hie leit un Epilepsie (wéi och den Dostojewski selwer), an ass zwar de Joren no erwuessen, gläicht awer an emotionaler Hisiicht engem onerfuerene Kand. Vill vu sengen Eegenschaften, déi an der deemoleger russescher Gesellschaft als "idiotesch" ugesi goufen, berouen einfach op dem Myschkin senger eegeewëlleger Éierlechkeet a Vertrauensséilegkeet. Hie weist sech groussmiddeg an ass ëmmer bereet, roueg ze verzeien an dat Bescht am Mënsch ze gesinn an ze fërderen.

Am Zuch op Sankt Péitersbuerg sëtzt mat him am Coupé de spëttegen Ierwe vun engem Geschäftsmann, de Parfjon Semjonowitsch Rogojin, säin zukünftege Géigespiller, deen him vu senger leidenschaftlecher Léift zur Anastassja Filippowna Baraschkowa erzielt, enger wonnerschéiner, mä och schwiereger Fra. Vum räichen Artistokrat Afanassij Iwanowitsch Tozkij ausgehalen a mëssbraucht, schwankt si tëscht Houfert a Selfzerstéirung. Och nach mat am Coupé sëtzt den ënnerwërfege "Mann-dee-jidderee-kennt-an-alles-weess", de Beamte Lukjan Timofejewitsch Lebedjew, deen dem elo räichen Ierwe Rogojin seng Déngschter ubitt, wat Kontakter an déi gutt a manner gutt Gesellschaft ugeet.

Zu Sankt Péitersbuerg ukomm mécht de Myschkin sech ouni e Su an der Täsch op bei seng wäitleefeg Famill, d'Generolsfra Jelisaweta Prokofjewna Jepantschina, gebuere Myschkin. Hie léiert do net nëmmen hir dräi Duechtere kennen, dorënner déi behitten, eegewëlleg, rosen, kapriziéis a ganz schéin Aglaja, mä och dem Generol säin Assistent Gawrila Ardalionowitsch Iwolgin (genannt Ganja), e jonke Borscht dee sech uleet grouss Carrière ze maachen.

De Myschkin kënnt als éischt beim Ganja ënner a gëtt gewuer, datt deen d'Nastassja Filippowna wéinst der Dott bestuede sollt. A Wierklechkeet fillt de Ganja awer eng schei Léift zum Aglaja. Wéi de Myschkin eng Foto vun der Nastassja Filippowna gesäit, entflaamt och hien a Léift zu hir.

Um Owend vum Nastassja Filippowna senger Gebuertsdagsfeier, wou si dem Ganja eng Äntwert op seng Hochzäitspropositioun sollt ginn, kënnt awer alles anescht. De Rogojin daucht op a bitt eng riseg Geldzomm fir d'Nastassja Filippowna vum Ganja ewechzekréien, an de Fierscht bekennt sech selwer ëffentlech zu senger Léift zum Nastassja Filippowna a stellt an Aussiicht datt och hien deemnächst eng Ierfschaft untriede wäert. D'Nastassja Filippowna geréit vu Sënnen, schenkt dem Ganja dem Rogojin seng Suen, ass ganz vum Myschkin ugezunn, verschwënnt awer schlussendlech mam Rogojin, well se fënnt datt si als gefale Fra (nom Tozkij) dem Myschkin senger Léift net wierdeg wier an hir Plaz d'Strooss wier.

Beim Rogojin bleift si awer och net laang, bedritt en e puermol fir sech selwer erofzewierdegen, a leeft em och e puermol fort, dorënner eng Kéier mam Myschkin. De Ganja ass déif gerëselt, schwiert sengem kranken Éiergäiz of a refuséiert der Nastassja Filippowna säi Geldcadeau. De Fierscht Myschkin fiert fir säin Deel op Moskau, wou en d'Chance huet eng kleng, mä net onbedeitend Ierfschaft ze maachen.

No e puer Méint kënnt de Myschkin awer op Sankt Péitersbuerg zeréck. E gesäit de Rogojin a si tausche bridderlech hir Kräizer. Kuerz drop versicht de Rogojin awer de Myschkin aus Jalousie ëmzebréngen, wat just net geléngt well de Myschkin grad an deem Moment zanter laangem nees en epilepteschen Ufall huet a virum déidleche Messerstéch d'Trap eroffält.

Sou geschwächt kënnt de Myschkin beim Lebedew an deem senger Datscha zu Pawlowsk ënner. Och d'Lisaweta Prokofjewna huet do eng Datscha, an de Myschkin léiert d'Aglaja besser kennen an op romantesch Aart a Weis gär hunn, och wann en nach weider méi oder wéineger emotional vum Nastassja Filippowna ofhängeg ass. Obwuel uganks mat Widerwëlle fänkt och d'Aglaja un de Fierscht gär ze hunn, an enger Mëschung aus Spott a Bewonnerung. Si gesäit am Myschkin, a Referenz zu engem Gedicht vum Puschkin dat vum Cervantes sengem Don Quijote handelt, en "aarme Ritter", deen als eenzegen Häerzverstand an éierlech net-berechnend Léift huet. Trotz dem Ganja sengem eegene Beméien ëm d'Aglaja sollt et de Myschkin sinn deen offziell un eng Verlobung mam Aglaja erugefouert sollt ginn.

Et kënnt awer zu enger Schlusstragedie. D'Nastassja Filippowna hat sech och eng Datscha zu Pawlowsk geholl, d'Aglaja bréiflech zu engem Bestietnes mam Myschkin gedrängt an hir gläichzäiteg hir Léift bekannt. De Rogojin organiséiert eng Aussprooch tëscht deene véier, bei där d'Aglaja wéinst dem Fierscht senger Passivitéit vu Jalousie géint d'Nastassja Filippowna gepaakt gëtt a fortleeft. De Myschkin wëll doropshin d'Nastassja Filippowna bestuede fir hir Séil ze retten, mä just virun der Kierch geet se mam Rogojin derduerch. Dee féiert si bei sech heem op Sankt Péitersbuerg a bréngt se do ëm. De Myschkin kënnt kuerz drop och dohin, a gesäit de Rogojin un enger Hirnhautentzündung an d'Féiwer falen an duerno an d'Gette goen. Hie fleegt en nach bis datt d'Police kënnt, ier hien da selwer där séilescher Belaaschtung net méi gewuess ass an an d'Nuecht vum epileptesche Stompsënn fält, a fir de Rescht vu sengem Liewen an d'Schwäiz zeréck muss fir do am Sanatorium quasi als Planz ouni Bewosstsinn ze vegetéieren. De Rogojin kritt viru Geriicht wéinst circonstances atténuantes 15 Joer Strofaarbecht a Sibirien. D'Aglaja geheit sech deem éischte polnesche Grof un den Hals deem et begéint, mierkt spéider datt dat e Ligner a kee Grof war, wëll awer dee Feeler net zouginn a brécht all Kontakt zu senger Famill of.

Analys[änneren | Quelltext änneren]

Den Dostojewski beschreift eng zudéifst nihilistesch Gesellschaft, där hir Protagoniste sech zu konstruktivem Handelen onfäeg weisen, an deenen hiert Liewe sech dowéinst a Geschwätz, Profiléirungsstriewen an Intrigen ergeet. Dëse Manko versicht ausgerechent de gesondheetlech ugeschloenen Held Myschkin, als eng Aart modernen Hellegen, duerch säi Matgefill a seng stoiesch Haltung ze kompenséieren.

Déi mënschlech Haaptkonstellatioun am Buch ass d'Véiereck tëscht dem Myschkin, dem Rogojin, dem Nastassja Filippowna an dem Aglaja. De Myschkin stellt déi gëttlech Léift aus Matleed duer (Agape), de Rogojin déi mënschlech Léift aus feiregem Begier (Eros). D'Tragik ass déi datt aus Houfert a Selfzerstéirung keent vun deenen zwee Fralëtt e Liewe mat engem vun deenen zwee Maannslëtt zuwee brénge wëll, an zulescht just de Myschkin an de Rogojin u sech eng komplementär Eenheet sinn. Dat medezinescht onbegrënntbaart Erabrieche vum Wansinn bei deenen zwee Männer gëtt hinne vum Dostojewski geschenkt fir datt se hiert Leed net méi weider mussen erdroen, mä weist och drop hin datt dem Dostojewski et geschéngt huet wéi wa schonn zu senger Zäit eng Welt déi obsedéiert ass mat Suen, Muecht a sexuellen Eruewerungen engem Hellegen an aarme Ritter als eenzeg Plaz nach e Sanatorium léisst.

Adaptatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Roman gouf eng sëllege Kéiere fir Theater, Oper a Film adaptéiert. Rezensiounen no ass eng vun deene beschten Adaptatiounen d'Fernsehserie "Idiot" vun 2003, 10 Follgen ënner der Regie vum Wladimir Bortko.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]