Denominación de origen

Vu Wikipedia

Denominación de origen ofgekierzt D.O. ass eng vun den néng Appelatiounen déi spuenesch Wäiner kënne kréien. Et gëtt 51 Wäibauregiounen a Spuenien an deenen de Wäi kann eng D.O. kréien. Fir datt de Wäin d'Appellatioun vu senger Géigend kréie kann, musse bestëmmt Krittäre beim Ubau, z. B. Stackzuel vun de Riewen, bei der Method vum Ubau, an d'geographesch Originn garantéiert sinn.

Dës Wäiner entspriechen der franséischer AOC an der italieenescher DOC.

Rioja, DOCa

Denominación de origen calificada[änneren | Quelltext änneren]

D'denominación de origen calificada ass eng Zort Super-DO, déi nëmme Wäiner kréien déi ganz bestëmmt Qualitéitskrittären erfëllen. Si entsprécht der italieenesche DOCG.

Bis elo hu just d'Riojawäiner vun 1991 un, d'Recht déi Appellatioun ze féieren.

D'Iwwerwaachung vun de Appellatioune gëtt vum Instituto National de Denominaciones de Origen ofgekierzt INDO gemaach.

Zanter 1986 ënnerleien déi spuenesch Appelatiounen dem EU-Recht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Denominación de origen – Biller, Videoen oder Audiodateien