Der Gewerkschaftler
Ausgesinn
|
| |
| Typ | Zeitung |
|---|---|
| Sprooch | Däitsch |
| Éischt Ausgab | September 1917 |
|
| |
Der Gewerkschaftler. Offizielles Organ der Luxemburger freien Gewerkschaften war eng Wochenzeitung, déi vum September 1917 bis de Juli 1919 samschdes erauskoum. Si war d'Organ vun de Gewerkschafte Berg- und Hüttenarbeiter-Verband a Luxemburger Metallarbeiter-Verband, déi 1917 gegrënnt gi waren. Hir Virgängerin war Die Laterne.[1]
Den Editeur a Chefredakter war den Nicolas Schoos, gedréckt gouf se bei Bourg-Bourger op 4 Säiten am Format 41 x 28 cm. Wéi och d'Volksstimme, gouf Der Gewerkschaftler de 5. Juli 1919 duerch d'Zeitung Der Proletarier ersat.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de), S.180.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Der Gewerkschaftler - All Nummeren op eluxemburgensia.lu.
- Fiche op a-z.lu.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.
