Die Volksstimme (1917-1919)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Zeitung Die Volksstimme, déi 1917-1919 erauskoum. Fir eng aner Zeitung mat deem Titel, kuckt wgl. Die Volksstimme (1935-1946).

Die Volksstimme war eng Wochenzeitung, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 15. September 1917 an dem 28. Juni 1919 samschdes erauskoum.

Si huet d'Gewerkschaftszeitung Die Laterne ofgeléist, déi véier Méint virdru vun den däitsche Besatzer am Éischte Weltkrich verbuede gi war.

Der Wegweiser, déi den Nicolas Neuens vun 1919 un erausginn huet, gouf hiren Nofollger.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]