Die Volksstimme (1935-1946)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Volksstimme vun 1935-1946. Fir déi vun 1917-1919, kuckt wgl. Die Volksstimme (1917-1919).
Die Volksstimme


Die Volksstimme. Fir en demokratescht, sozialt an onofhängegt Lötzeburg (eeleren Ënnertitel: Wochenblatt für die Interessen des schaffenden Volkes) war eng lëtzebuergesch Zeitung an däitscher Sprooch, déi tëscht 1935 an 1946 eemol d'Woch an der Stad Lëtzebuerg beim Ed. Nimax erauskoum.[1]

Et war d'Presseorgan vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL).

Si koum, als Nofollgerin vun der Arbeiterstimme, vum 5. Oktober 1935 bis de 24. Februar 1940 eraus. No der Liberatioun gouf s'op en neies vum 28. September 1944 bis den 29. Juni 1946 publizéiert. Dono gouf d'Zeitung vum Letzeburger Vollek d'Presseorgan vun der KPL.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op a-z.lu (nogekuckt: 2024-01-10).