Nicolas Neuens

Vu Wikipedia
Nicolas Neuens
Gebuer 11. November 1845
Bilschdref
Gestuerwen 30. August 1925
Weilerbaach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer, Naturheeler
Den Nicolas Neuens zur Zäit wou hien Direkter vum Institut Heliar war.

Den Nicolas Neuens, gebuer den 11. November 1845 zu Bilschdref a gestuerwen den 30. August 1925 an der Weilerbaach, war e lëtzebuergesche Paschtouer, Naturheeler, Grënner vum integralen Naturismus a Grënner vum Institut Heliar an der Weilerbaach.

Als Naturheeler war hie wäit iwwer d'Grenze vum Land bekannt.

Den Nicolas Neuens huet als Autodidakt d'Erkenntnesser vun der klassescher Medezin studéiert, awer hir Methoden (haaptsächlech d'Verschreiwe vu Medikamenter) net ugeholl.

Hien huet an der Weilerbaach den Institut Heliar gegrënnt, deen 1910 seng Dieren opgemaach huet. Do goufen d'Patienten no senger Method vum integralen Naturismus behandelt.

Den Naturismus am Neuens an anere Naturheeler aus dem 19. Joerhonnert hirem Sënn, ass net ze verwiessele mat Naturismus am Sënn vun Nudismus.

Dem Abbé Nicolas Neuens seng Kur huet bestanen aus:

Den Nicolas Neuens, dee vu gouereger Statur war, war als eegesënnegen a stolzen, dobäi awer sensibele Mann bekannt.

Op säi Wonsch hin ass hien uewen am Park vum deemolegen Institut Heliar begruewe ginn.

Nom Neuens sengem Doud huet den Dr. Éloi Welter, als medezineschen Direkter, seng Method am Institut Heliar weidergefouert.

1970 gouf zu Bilschdref am Schoulhaff e Monument zu sengen Éieren opgeriicht. Hie war de Stëfter vun de Klacke vun der Bilschdrëffer Haupeschkapell.[1]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Eng ausféierlech Bibliographie vum Neuens senge Publikatiounen aus dem 19. Joerhonnert gëtt de Martin Blum (cf. Literatur); déi weider Wierker fënnt een an der Broschür aus dem Joer 1967 (cf. Literatur: Anonym, ongeféier 1967) op de Säiten 38-39.

  • Médication interne de M. l'abbé S. Kneipp: régime, hygiène alimentaire et plantes médicinales. Paris, P. Lethielleux, 1893, XI-254 S.
  • Manuel pratique et raisonné du système hydrothérapique de M. l'abbé S. Kneip, curé de Woerishofen: précédé d'une attestation de M. l'abbé Kneipp. Paris, P. Lethielleux, 1893, II-155 S.
  • Traité de médecine naturelle scientifique basée sur l'emploi exclusif des éléments vitaux. Tome I: historique, principes, applications. Tournai, Decallonne-Liagre, 1900, 636 S.
  • Traité de médecine naturelle scientifique basée sur l'emploi exclusif des éléments vitaux. Tournai, Decallonne-Liagre, 1901, Tome II: Alimentation, herbes, hygiène, anatomie, physiologie, diagnostic particulier à la médecine naturelle, IV-488 S.; Tome III: Pathologie et thérapeutique, IV-350 S.
  • Hygienische Küche für vollkräftige Nährung mit eingeschränkter Fleischkost = Cuisine hygiénique qui assure une nutrition complète, tout en préconisant le régime carné mitigé. Christnach, É. Borschette, cop. 1997, 105, 104 S. (Reprint vun engem Wierk aus dem Joer 1913/1914).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Pellot, Un bienfaiteur de l'humanité, Nicolas Neuens, Reims: H. Matot, 1901.
  • Anonym, 1963. Héliar Weilerbach. [Dessin de couv.: Ernst Reischenböck] ; [Photos: René Weydert et Émile Burggraff]. [Weilerbach]: [Institut Héliar], [1963], Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 91 S.
  • Anonym, ongeféier 1967. Abbé Nicolas Neuens. Sein Leben, sein Lebenswerk. Gründer des integralen Naturismus, 1845-1925. Dréckerei Saint-Paul S.A., Lëtzebuerg. (An dëser Broschür mat Artikele vun enger Rei vun Auteuren, ass néierens en Editeur genannt. Op der S. 124 ass en Artikel mat 'Die Redaktion' ënnerschriwwen, an drënner sti follgend Nimm: Dr. Emile Graf, Dr. Éloi Welter, Dr. Robert Reuter, Dr. Guillaume Speck, Dr. Henri Clement. Et kann een also unhuelen datt déi Grupp d'Broschür erausginn huet, warscheinlech ënner der Leedung vum Dr. Éloi Welter, dem fréiere medezineschen Direkter vum Institut Heliar. An der Broschür steet och kee Publikatiounsjoer. Si enthält d'Copie vun engem Bréif vum Pierre Grégoire, dee vum 29. August 1967 datéiert ass. D'Broschür ass also Enn 1967, vläicht och Ufank 1968 erauskomm.)
  • Anonym, 1971. Gedenkfeiern zu Ehren des Herrn Abbé Nicolas Neuens von 1967 bis 1970 im Zusammenhang mit der Errichtung des Abbé Nicolas Neuens Denkmals in Bilsdorf am 19. September 1970. Lëtzebuerg, Dréckerei SaintPaul, 36 S.
  • Blum, Martin, 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z (Neuens: S. 168-170).
  • Glaesener, Jean-Pierre, 1990. Ein Naturheiler von dem die ganze Welt sprach. In: 25e anniversaire du Syndicat d'initiative Arsdorf Bilsdorf, S. 39-46. Les éditions 33 66 99 Lëtzebuerg.
  • Glaesener, Jean-Pierre, 1990. Le naturisme intégral. Allseitige Bewertung des Naturismus. In: 25e anniversaire du Syndicat d'initiative Arsdorf Bilsdorf, S. 47-57. Les éditions 33 66 99 Lëtzebuerg.
  • Mersch, Joseph, 2003. L'abbé Nicolas Neuens, naturopathe et hydrothérapeute. In: Guérisseurs d'hier et d'aujourd'hui. Bastogne, Musée en Piconrue, S. 47-55.
  • Salm, Hanns-Georg, 2004: Zum 160. Geburts- und 80. Todestag von Abbé Nicolas Neuens im Jahre 2005. In: Heimatkalender Landkreis Bitburg-Prüm 2005, S. 215-223.
  • Welter, Éloi, 1930. "Heliar". Cahiers luxembourgeois 1930 (2), S. 158-160.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolas Neuens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Parregëster