Der Volksbote

Vu Wikipedia

Der Volksbote war eng Wochenzeitung, déi zu Lëtzebuerg samschdes tëscht dem 2. Abrëll 1899 an dem 5. Juli 1914 erauskoum. Redakter war de Jean-Nicolas Moes, an no deem sengem Doud de Jean Gusenburger. Gedréckt gouf se zu Diddenuewen beim G. Hollinger.

Se war den Nofollger vun der Luxemburger kleine Presse an der Escher kleine Presse, wéi vum 2. Joergang un am Ënnertitel däitlech gemaach gouf.[1]

De Gusenberger huet hir den Ënnertitel liberal-demokratisches Organ ginn. D'Mottoen „Castigat ridendo mores“ an„Difficile est satiram non scribere“ hunn ugedeit, datt d'Ausriichtung hin op eng satiresch Zeitung goung.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. S.164.