Op den Inhalt sprangen

Luxemburger Volks-Freund

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Der Volksfreund (1869))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Volksfreund deen 1869 fir d'éischt erauskoum. Fir dee vun 1848, kuckt wgl. Der Volksfreund (1848).
Luxemburger Volks-Freund
Typ Zeitung
Éischt Ausgab 23. Februar 1869
Land Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Dikrech

Luxemburger Volks-Freund, vun der Nr.20 un Der Volksfreund. Organ der Stadt und des Arrondissements Diekirch, war den Titel vun enger lëtzebuergescher Zeitung, déi, fir d'éischt den 23. Februar 1869, dräimol d'Woch zu Dikrech erauskoum.[1]

Et handelt sech dobäi ëm d'Nofollgerzeitung vum Der Wächter an der Sauer. Dësen hat stënterlech déi meescht vu sengen Abonente verluer, nodeem den Apostoulesche Vikar vu Lëtzebuerg Nicolas Adames den 10. Februar 1869 an engem Hiertebréif de Leit gedreet hat, se kréiche keng "gültige Lossprechung" [vun hire Sënnen], wa se weiderhin de Wächter (sou wéi och d'Wäschfra) géifen abonéieren, well do dran "die fürchterlichsten Gotteslästerungen gegen die anbetungswürdigste göttliche Person Jesu Christi selbst" gestanen hätten. Sou huet den Editeur Théophile Schroell d'Zeitung den 21. Februar an Der Volksfreund missen ëmbenennen.

Mam Volksfreund gouf den 31. Dezember 1876 opgehalen, fir am Januar 1877 als Der Landwirth nei erauszekommen. Deem säin Editeur war de Justin Schroell, Jong vum Théophile, an e koum bis 1940 eraus.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704-2004. Luxemburg, SIP, 2004, S.113.