Der Volksfreund (1848)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Volksfreund deen 1848 fir d'éischt erauskoum. Fir dee vun 1869, kuckt wgl. Der Volksfreund (1869).

Der Volksfreund war eng Zeitung zu Lëtzebuerg, déi de 7. Abrëll 1848 fir d'éischt erauskoum. Seng Devise war Liberté, légalité, ordre public, deen ufanks zweemol, dunn dräimol d'Woch erauskoum.

E gouf vun e puer Regierungsmembere gegrënnt, déi der Meenung waren, datt et net genuch regierungsfrëndlech Press géif. Si waren dann och Mat-Actionnairen, iwwedeems verschidde Regierungsbeamten Redaktere waren.[1]

Zu de Grënner hu gezielt: de Rabinner Samuel Hirsch (1815-1889), de Professer am Kolléisch, Nicolas Martha (1820-1898), den Tréierer Wäinhändler Joseph Seelhof (1824-?), de Regierungsbeamte Pierre-Antoine Schou, an de Greffier a fréiere Redakter vum Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg, Mathieu-Lambert Schrobilgen.

De Volksfreund huet virun allem d'Deputéiert vun der liberaler Oppositioun kritiséiert, alle virop d'Bridder Norbert a Charles Metz an hir Zeitung Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, souwéi dat klerikalt Luxemburger Wort.

Den 1. August 1848, den Dag vum Akraafttriede vun der neier Constitutioun, huet de Volksfreund mat der Iechternacher Zeitung Der Grenzbote fusionéiert.

Den 29. Juni 1849 koum déi lescht Nummer eraus.

De Volksfreund ass haut virun allem bekannt, well dodran de 5. November 1848 dem Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, säi satirescht Gedicht Vulleparlament am Gréngewald anonym publizéiert gouf - den Dicks war de Jong vum Regierungschef Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Romain Hilgert: 300 ans de journaux au Luxembourg. Luxembourg, 2004, S.62ff.